Am RTL-InterviewLeandro Barreiro iwwer säi Gol géint Köln an déi aktuell Situatioun zu Mainz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet de Leandro Barreiro an der Nospillzäit den decisiven 3:2 fir Mainz zu Köln geschoss an domadder senger Ekipp 3 wichteg Punkte geséchert.
De Leandro Barreiro am RTL-Interview
De Lëtzebuerger Nationalspiller schwätzt iwwer säi Gol géint Köln an déi allgemeng Situatioun zu Mainz.

An der däitscher Bundesliga kämpft den 1. FSV Mainz aktuell géint den Ofstig. E Sonndeg huet sech d’Ekipp vum Svensson wichteg Punkte géint den direkte Konkurrent Köln geséchert. Duerch e Gol vum Leandro Barreiro an der Nospillzäit huet een nach mat 3:2 gewonnen.

Fir de jonke Lëtzebuerger Nationalspiller war et deen zweete Gol an der Bundesliga.

Kuckt hei nach emol de Gol vum Leandro Barreiro

RTL-Artikel: No 2. Bundesliga-Gol: FLF-President houfreg iwwert d’Entwécklung vum Leandro Barreiro

Back to Top
CIM LOGO