Internationale BasketLeBron James brécht Punkterekord an der NBA

RTL Lëtzebuerg
Et kéint e Rekord fir d'Éiwegkeet sinn. De Lebron James huet an der Nuecht op e Mëttwoch eiser Zäit den Rekord vun de meeschte Punkten an der NBA geknackt.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/Kevin C. Cox

Kuerz virum Enn vum drëtte Véierel am Match géint Oklahoma huet den 38 Joer ale Superstar vun de Los Angeles Lakers säi 16. Kuerf geschoss. Et war säin 38.388ste Punkt an der NBA. Domadder huet hien de Beschtwäert vum Kareem Abdul-Jabbar iwwertraff, dee virun 39 Joer opgestallt gouf.

Den antëscht 75 Joer ale Abdul-Jabbar, dee seng Basketsschung am Joer 1989 un den Nol gehaangen hat, souz am Publikum, wou säi Rekord gebrach gouf.

Back to Top
CIM LOGO