
RB Leipzig konnt sech en Dënschdeg mat 3:0 géint Tottenham behaapten a steet domat an der Véierelsfinall vun der Champions League. Weider konnt sech och Atalanta Bergamo fir d’Ronn vun de beschten 8 qualifizéieren. Si wanne mat 4:3 géint Valencia duerch 4 Goler vum Ilicic.
RB Leipzig hat en Dënschdeg alles selwer an der Hand. Den Allersmatch zu London konnte si mat 1:0 géint Tottenham gewannen an haten also d’Chance, fir sech doheem fir d’Véierelsfinallen ze qualifizéieren.
Mat enger deementspriechender Astellung ass d’Ekipp vum Julian Nagelsmann dann och an de Match gaangen. Si ware vun Ufank un déi besser Ekipp an hunn och fréi am Match déi schlecht Form a schlecht Defense vun den Englänner ausgenotzt.
An der 10. Minutt war et eng séier Ëmschaltsituatioun, wou de Laimer sech gutt op der Säit duerchgesat huet an an der Mëtt de Werner fonnt huet. De Schoss vum Leipziger Buteur konnt zwar nach geblockt ginn, ma de Werner konnt de Ball nees recuperéieren, huet en opgeluecht fir de Sabitzer an deen huet mat engem stramme Schoss fir den 1:0 gesuergt.
Tottenham war komplett vum Rouleau an hat dem Tabellendrëtten aus der Bundesliga kaum eppes entgéintzesetzen.
An der 22. Minutt huet dunn och eng 2. Kéier am Gol vum Hugo Lloris gerabbelt. No engem héije Ball an d’Spëtzt kënnt den Angelino no engem Feeler vum Serge Aurier un de Ball, flankt de Ball op de Kapp vum Sabitzer a schonns stoung et 2:0. Deemno elo schonns eng richteg batter Situatioun fir Tottenham.
Tottenham stoung net nëmmen an der Defense net gutt, mä war och am spill no vir ze harmlos. Den éischte Golschoss vum Finalist aus dem leschte Joer gouf et eréischt an der 41. Minutt duerch de Lo Celso, do hat de Gulacsi sech awer laang gemaach. Esou goung et dann och mat dëser verdéngter a komfortabeler 2:0-Féierung fir d’Lokalekipp an d’Paus.
An der zweeter Hallschent war Tottenham du vill besser, wéi dat nach an der éischter Hallschent de Fall war. Si waren elo vill méi aggressiv a virun allem a Persoun vum Lucas Moura hei an do geféierlech. Leipzig stoung hanne weiderhi stabil, ma war am Spill no vir laang net méi esou geféierlech.
Richteg Golchancë gouf et an der zweeter Hallschent praktesch keng an d’Spectateure kruten iwwer wäit Strecke kee schéine Futtball ze gesinn.
An der 87. Minutt dunn déi definitiv Entscheedung an dësem Match. No engem Gewulls am Strofraum vun Tottenham konnt den agewiesselte Forsberg fir d'3:0-Schlussresultat suergen, esou dass Leipzig sech fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert an de Finalist aus dem leschte Joer eliminéiert.
Den FC Valencia krut en Dënschdeg den Owend Besuch vun Atalanta Bergamo an dobäi stoung d’Ekipp aus Spuenien richteg ënner Drock. Net nëmmen hu si misse probéieren, een 1:4 aus dem Allersmatch opzehuelen, mä si hunn dat misse probéieren ouni d’Ënnerstëtzung vun hire Fans. Wéinst dem Coronavirus hu si nämlech an engem eidele Stadion misse spillen.
An et sollt direkt richteg schlecht ugoe fir d’Haushären, well schonns an der 2. Minutt krute si een Eelefmeter géint sech gepaff. Den Ilicic war vun der rietser Säit an de Strofraum eragaangen, huet do e Crochet gemaach a gouf dobäi vum Diakhaby geluecht. De Gefoulten ass selwer ugetrueden an huet d’Italiener fréi mat 1:0 a Féierung bruecht.
Dono huet Atalanta sech dann och e bëssen zeréckgezunn, well et waren net si, déi hei gefuerdert waren. Den FC Valencia huet elo nämlech 4 Goler gebraucht, fir sech an eng méiglech Verlängerung ze retten. An der éischter Véierelsstonn hu si awer offensiv kaum Iddie gehat.
An der 21. Minutt konnte si dunn awer ausgläichen. De Gameiro gouf ideal am Strofraum ugespillt, de Palomino huet nach probéiert ze retten, konnt de Géigegol awer net méi verhënneren.
Nom Ausgläich hunn d’Italiener nees probéiert, selwer méi Initiativ ze weisen. An an der 43. Minutt goufe si dofir belount, do krute si nämlech ee weideren Eelefmeter zougesprach. No engem Schoss vum Ilicic hat den Diakhaby de Ball mat der Hand beréiert. Op en Neits ass den Ilicic vum Punkt aus äiskal bliwwen a konnt kuerz virun der Paus op 2:1 stellen.
Nom Säitewiessel hunn d’Spuenier elo also ganzer 5 Goler gebraucht, fir weiderzekommen. An an der 51. Minutt sollt hinnen dunn och eng zweete Kéier an dëser Partie den Ausgläich geléngen. No enger gudder Flank vum Torres war et op en Neits de Gameiro, dee markéiere konnt.
Nom Gol koum eng richteg Drockphas vun de Spuenier. An der 67. Minutt konnt Valencia dunn och mat 3:2 a Féierung goen. De Parejo huet de Ferran Torres an d’Déift geschéckt an deen huet de Ball aus knapp 18 Meter iwwer de Golkipp an de Gol geschoss.
Nëmme 4 Minutte méi spéit konnt Atalanta awer op en Neits zouschloen an nees war et den Ilicic. domat stoung et 3:3 an esou waren d’Italiener der Véierelsfinall elo ganz no.
Den Ilicic huet dunn an der 82. Minutt definitiv den Deckel dropgemaach, do huet den 32 Joer ale Slowen nämlech säi 4. perséinleche Gol markéiert, esou dass Atalanta Bergamo de Retourmatch mat 4:3 fir sech entscheet an domat séchere si sech souverän den Ticket fir d’Véierelsfinalle vun der Kinneksklass.