Champions LeagueLeipzig klappt de PSG, Gerson Rodrigues mat Defaite am Camp Nou

RTL Lëtzebuerg
Dortmund huet sech ouni Problemer zu Bruges duerchgesat a Manchester United muss géint Basaksehir de Kierzeren zéien.

E Mëttwoch den Owend stoung an der Kinneksklass d’Suite vum 3. Spilldag um Programm.

Am Grupp E ass et fir Chelsea eng kloer Victoire géint Rennes ginn a Sevilla konnt no engem Réckstand nach mat 3:2 géint Krasnodar gewannen.

Dortmund huet sech zu Bruges mat enger 3:0-Victoire am Grupp F dräi Punkte geséchert, Zenit a Lazio hate sech scho virun den Owesmatcher mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt.

Am Grupp G stoung den Gerson Rodrigues am Camp Nou vun Ufank un um Terrain, zum Schluss ass et fir Dynamo Kiew awer eng Defaite géint den FC Barcelona ginn. Iwwerdeems huet sech Juventus mat 4:1 géint Ferencvaros duerchgesat.

Leipzig geléngt et am Match géint de PSG am Grupp H e Réckstand ze dréinen a wënnt um Enn mat 2:1. Am anere Match huet sech Manchester United misse mat 1:2 géint den tierkesche Champion Basaksehir geschloe ginn.

Champions League / De Resumé vum Guy Seyler

Grupp H

RB Leipzig - PSG 2:1
0:1 Di Maria (6'), 1:1 Nkunku (42'), 2:1 Forsberg (57')

E bessere Start an de Match hätt sech de Gaascht aus Paräis warscheinlech net denke kënnen. No 6 Minutten konnt de Kean de Réckpass vum Upamecano offänken a weider op den di Maria spillen, deen de PSG mat sengem Schoss aus spatzem Wénkel a Féierung brénge konnt.

Den 1:0 fir PSG duerch den Di Maria
Den Di Maria konnt de PSG an der 6. Minutt a Féierung bréngen.

Kuerz drop ass da Leipzig geféierlech virun de géigneresche Gol komm, ma den Navas war zwee Mol hannertenee kapabel de Schoss ze paréieren. Fir den Upamecano, dem Verteideger vu Leipzig, sollt déi nächst onglécklech Aktioun net laang op sech waarde loossen. An der 15. Minutt ass him de Ball am Strofraum widdert den Aarm gesprongen, sou dass den Arbitter op Eelefmeter fir PSG entscheet huet. Den Di Maria ass ugelaf, ma de Gulacsi huet sech de richtegen Eck rausgesicht a konnt de Ball paréieren.

Vill Ongenauegkeeten am Spillopbau hunn et de Leipziger eng Zäit laang schwéier gemaach fir sech déi eng oder aner Chance kënne rauszespillen. D’Gäscht stounge gutt a sinn ëmmer nees geféierlech no vir komm. Kuerz virun der Paus ass der Lokalekipp dann awer nach e Gol gelongen. Den Angelino huet de Ball op den Nkunku gespillt, dee kuerz virum Strofraum zum Schoss ugesat huet a sou op 1:1 ausgläiche konnt.

Den Ausgläich fir Leipzig duerch den Nkunku
Den Nkunku konnt fir leipzig kuerz virun der Paus op 1:1 stellen.

Kuerz drop ass déi éischt Hallschent dann op en Enn gaangen.

Mat engem Gol kuerz virun der Paus am Réck ass Leipzig elo gutt aus de Vestiairë komm. Si hu sech engagéiert gewisen an hate méi Zougrëff wéi dat nach am Ufank vum Match de Fall war. No engem héije Ball an de Strofraum war et dës kéier de Marquinhos, deen den Aarm op der falscher Plaz zur falscher Zäit hat a sou ass et nom Asaz vum Videoarbitter en Eelefmeter fir d’Haushäre ginn. De Forsberg ass äiskal bliwwen a konnt Leipzig domat a Féierung bréngen.

Den 2:1 fir Leipzig duerch de Forsberg
De Forsberg huet Leipzig duerch en Eelefmeter a Féierung bruecht.

Ronn 20 Minutte viru Schluss ass d’Chance e Remis da méi kleng ginn, wéi de Gueye no engem Feeler um Haidara déi Giel-Rout Kaart gesinn huet an domat vum Terrain goe misst. An Iwwerzuel huet Leipzig an der Schlussphas net méi vill ubrenne gelooss a sou steet um Enn eng Victoire géint de PSG, déi sech d’Ekipp vum Julian Nagelsmann no enger staarker zweeter Hallschent och verdéngt huet.

Basaksehir - Manchester United
1:0 Ba (12'), 2:0 Visca (40'), 2:1 Martial (43')

Resumé vum Match Basaksehir géint Manchester United
Den tierkesche Champion aus Istanbul konnt sech mat 2:1 géint Manchester United duerchsetzen.

Grupp E

Chelsea - Rennes 3:0
1:0 Werner (10'), 2:0 Werner (41'), 3:0 Abraham (50')

FC Sevilla - Krasnodar 3:2
0:1 Suleymanov (17'), 0:2 Berg (21'), 1:2 Rakitic (42'), 2:2 En-Nesyri (69'), 3:2 En-Nesyri (72')

Resuméë vum Grupp E
Chelsea klappt Rennes souverän mat 3:0 a Sevilla ka géint Krasnodar e Réckstand an eng Victoire dréinen

Grupp F

Zenit - Lazio 1:1
1:0 Erokhin (32'), 1:1 Caicedo (82')

Club Bruges - Dortmund 0:3
0:1 Hazard (14'), 0:2 Haaland (18'), 0:3 Haaland (32')

Resuméë vum Grupp F
Zenit a Lazio spillen 1:1 gläich an Dortmund wënnt zu Bruges mat 3:0

Grupp G

FC Barcelona - Dynamo Kiew 2:1
1:0 Messi (5'), Piqué (65'), 2:1 Tsygankov (75')

Ferencvaros - Juventus 1:4
0:1 Morata (7'), 0:2 Morata (60'), 0:3 Dybala (72'), 0:4 Dvali (82'), 1:4 Boli (90')

Resuméë vum Grupp G
Barcelona huet sech mat 2:1 géint Dynamo Kiew behaapt a Ferencvaros muss sech mat 1:4 géint Juventus geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO