FLF-KongressLescht Joer huet ënner Covid gelidden, Evolutioun am Dammefuttball ervirgehuewen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war zu Wegdichen bei Wolz den 103. Kongress vun der Lëtzebuerger Futtball Federatioun.
© Jeff Kettenmeyer

Den FLF-President Paul Philipp huet a senger Ried betount, datt een dat lescht Joer weiderhin ënnert dem Effekt vum Covid-19 gelidden huet. Elleng 2,4 Millioune Euro goufen un d’Veräiner an der Covid-Kris verdeelt. Trotzdeem konnt d’Joer mat engem Benefice vun 103.000 Euro ofgeschloss ginn.

FLF Kongress - De Reportage vum Jeff Kettenmeyer

De Paul Philipp huet och betount, datt een op Veräinsniveau misst d’Situatioun op europäeschem Plang am Aen halen, dat well den UEFA-Koeffizient net onwichteg wier. Zanter néng Saisone gouf de Lëtzebuerger Champion all Kéiers direkt an der Champions-League-Qualifikatioun eliminéiert.

Virun allem d’Evolutioun am Dammefuttball gouf ervirgehuewen, notamment de rezenten 3-2 Succès a Nordmazedonien.

Och de Sportminister Dan Kersch war am Ufank vum Kongress do an huet betount, datt d’Impfung d’Léisung aus der Kris wier. Wann een Infektiounszuelen vun Oktober 2020 mat deene vun dësem Joer géif vergläichen, wieren déi wuel relativ identesch, ma d’Situatioun an de Spideeler wier awer eng ganz aner an dat hätt mat der Impfung ze dinn. A Richtung vum FLF-President huet hien a senger Ried nach emol betount, datt mat den neie Mesurë kee bei der Federatioun hätt kennen iwwerrascht sinn, well een an de Reuniounen dobäi gewiescht wier.

D’FLF hat sech jo an engem Schreiwes Mëtt Oktober iwwerrascht gewisen, datt déi nei Mesuren direkt géife gëllen, virun allem de Punkt mat de Schnelltester, an net eréischt vum 1. November un. Doropshi goufen all d’Matcher vum 19. bis den 21. Oktober ofgesot, fir de Veräiner d’Méiglechkeet ze ginn, sech nei z’organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO