Nations LeagueLëtzebuerg an enger Grupp mat Aserbaidjan, Zypern a Montenegro

RTL Lëtzebuerg
2018/2019 war déi éischt Editioun vun der Nations League. En Dënschdeg den Owend war d'Auslousung vun där zweeter Editioun.
Auslousung Europa League
Lëtzebuerg trëfft op Montenegro, Zypern an Aserbaidschan

Genee wéi bei der éischter Editioun sinn och dës Kéier 55 Natioune vertrueden. Am September fänkt d’Gruppephas un. Hei spillt all Ekipp een Aller- an ee Retourmatch géint d’Gruppegéigner. Vum 2. bis de 6. Juni 2021 gëtt de Gewënner gesicht.

Lëtzebuerg war et bei der Première gegléckt, fir aus der Divisioun D an d’Divisioun C ze klammen.

Portugal hat déi éischten Editioun vun der Nations League gewonnen.

Lëtzebuerg ass am Grupp C1 mam Aserbaidjan, Zypern a Montenegro. Géint déi zwou lescht Natioune spillen d’Rout Léiwen och duerch Zoufall Enn Mäerz Frëndschaftslännermatcher. D’Nations League gëtt dann all Kéier op engem duebele Rendezvous am September, am Oktober an am November gespillt.

De Luc Holtz huet an enger éischter Reaktioun dann och gesot, dass et e bësse witzeg wier, dass ee grad déi zwou Ekippen zougeloust kritt hätt, géint déi ee schonns Testmatcher geplangt huet.

De Luc Holtz iwwer den Tirage

Divisioun C:

Grupp 1: Aserbaidjan, Lëtzebuerg, Zypern a Montenegro

Grupp 2: Georgien, Nordmazedounien, Estland, Armenien

Grupp 3: Griicheland, Kosovo, Slowenien, Moldawien

Grupp 4: Albanien, Wäissrussland, Litauen, Kasachstan

Divisioun A:

Grupp 1: Polen, Bosnien-Herzegowina, Italien, Holland

Grupp 2: Island, Dänemark, Belsch, England

Grupp 3: Kroatien, Schweden, Frankräich, Portugal

Grupp 4: Däitschland, Ukrain, Spuenien, Schwäiz

Divisioun B:

Grupp 1: Éisträich, Norwegen, Nordirland, Rumänien

Grupp 2: Tschechien, Schottland, Slowakei, Israel

Grupp 3: Russland, Serbien, Tierkei, Ungarn

Grupp 4: Wales, Finnland, Irland, Bulgarien

Divisioun D:

Grupp 1: Andorra, Färöer Inselen, Lettland, Malta

Grupp 2: Gibraltar, Liechtenstein, San Marino

Wéini gëtt gespillt?

3.-5. September 2020: 1. Spilldag
6.–8. September 2020: 2. Spilldag
8.–10. Oktober 2020: 3. Spilldag
11.–13. Oktober 2020: 4. Spilldag
12.–14. November 2020: 5. Spilldag
15.–17. November 2020: 6. Spilldag
2.-6. Juni 2021: Finallronn mat de véier Gruppenéischten aus der Divisioun A
24.-29. Mäerz 2022: Ofstig-Playoffs

Wie konnt op wien treffen?

Divisioun C

Dëppen 1: Griichenland, Albanien, Montenegro, Georgien

Dëppen 2: Nordmazedonien, Kosovo, Wäissrussland, Zypern

Dëppen 3: Estland, Slowenien, Litauen, Lëtzebuerg

Dëppen 4: Armenien, Aserbaidschan, Kasachstan, Moldawien

Divisioun A

Dëppen 1: Portugal, Holland, England, Schwäiz

Dëppen 2: Belsch, Frankräich, Spuenien, Italien

Dëppen 3: Bosnien Herzegowina, Ukrain, Dänemark, Schweden

Dëppen 4: Kroatien, Polen, Däitschland, Island

Divisioun B

Dëppen 1: Russland, Éisträich, Wales, Tschechien

Dëppen 2: Schottland, Norwegen, Serbien, Finnland

Dëppen 3: Slowakei, Tierkei, Irland, Nordirland

Dëppen 4: Bulgarien, Israel, Ungarn, Rumänien

Divisioun D

Dëppen 1: Gibraltar, Färöer Inselen, Lettland, Liechtenstein

Dëppen 2: Andorra, Malta, San Marino

Back to Top
CIM LOGO