No den Häre war och d’Futtballnationalekipp vun den Dammen nees an der Nations League am Asaz. An engem 3er-Grupp heeschen d’Géignerinne vun de roude Léiwinnen Albanien an Estland. Par rapport zu de leschte Matcher géint Georgien a Litauen goufen aacht nei Spillerinnen nominéiert.

Um Freideg den Owend war de Géigner Albanien, dat am Stade Emile Mayrisch zu Esch. De bessere Start an de Match haten d’Lëtzebuergerinnen, mat direkt 2 Schëss op de Gol an den éischten 10 Minutten.
An der 12. Minutt ass d’Golkeeperin d’Lucie Schlimé gutt aus dem Gol komm, fir virun der albanescher Stiermerin ze degagéieren.
An der 15. Minutt gouf eng grouss Golchance fir d’Lëtzebuergerinnen. D’Joana Lourenco hat de Ball scho laanscht d’albanesch Golkeeperin gespillt, ma eng Verdeedegerin konnt nach in extremis klären.
An der 28. Minutt war et e Schoss vum Leila Schmit, deen awer vum Rexhepi kuerz virun der Linn konnt gehale ginn.
An der 31. Minutt hunn d’Albanerinne sech kuerz gefreet, well quasi aus dem Näischt den 0:1 gefall ass... ma d’Freed war just vu kuerzer Zäit. D’Aktioun war wéinst Abseits ofgepaff ginn. Et blouf also beim 0:0.
Albanien verwandelt den éischte Schoss op de Lëtzebuerger Gol
An der 43. Minutt hunn d’Albanerinnen et dunn awer besser gemaach. No engem Fräistouss koum d’Quendresa Krasniqi kuerz virum Gol fräi zum Schoss a konnt den 1:0 fir Albanien markéieren. Et war den éischte richtege Schoss op de Lëtzebuerger Gol.
Mat deem Resultat ass et an d’Paus gaangen.
0:1 an der Paus
Fir déi zweet Hallschent goufen d’Isabel Albert an d’Amy Thompson agewiesselt, fir d’Eva Fernandes an d’Kylie Merlevede. De bessere Start haten elo d’Gäscht mat engem Kappball vum Berisha an der 51. Minutt an direkt eng Minutt méi spéit war et d’Megi Doci, deem säi Schoss knapp iwwert de Gol gaangen ass. An der 64. Minutt war d’Krasniqi op lénks duerch, ma de Schoss ass knapp laanscht de lénkse Potto gaangen.

An der 62. Minutt war et e Fräistouss vum Marta Estévez, dee liicht ze héich ugesat war. Do hätt d’Golkeeperin aus Albanien sech musse laang maachen, fir nach drun ze kommen, wann dee puer Zentimeter méi déif Richtung Gol gaange wier. Et war déi bis dohi beschte Golchance an der zweeter Hallschent fir d’Lëtzebuergerinnen.
Quasi am Géigenzuch waren et nees d’Albanerinnen, déi bal op 2:0 setze konnten, dat duerch d’Gjini, wat de Ball ganz knapp um zweete Potto verpasst. Et goung Schlag op Schlag. Op der anerer Säit haten och d’Lëtzebuergerinnen eng gutt Aktioun, déi awer net zum Ofschloss konnt bruecht ginn.
Ausgläich fir Lëtzebuerg
An der 68. Minutt hunn d’Lëtzebuergerinne sech fir hir Beméiunge belount, dat no engem Schoss vum Charlotte Schmitt, un deen déi albanesch Golkeeperin net méi dru komm ass. Et stoung deemno 1:1.
An der 75. Minutt war et eng schéin Aktioun vum Amy Thompson an dem Charlotte Schmitt op hallef lénks, déi awer net konnt Richtung Gol ofgeschloss ginn.
An der 77. Minutt huet d’Lucie Schlimé den 2:1 fir d’Albanerinne konnten duerch eng super Parad verhënneren. Den uschléissende Corner goung via Kappball och op de Lëtzebuerger Gol, ouni Gefor allerdéngs.
Lëtzebuerg geet a Féierung
An der 87. Minutt war et no enger super Viraarbecht vum Charlotte Schmit op d’Amy Thompson, den 2:1 fir Lëtzebuerg.
An der 90. Minutt hat d’Letitia Mateus eng gutt Chance op lénks fir den decisiven 3:1 ze schéissen, ma aus spatzem Wénkel konnt d’Golkeeperin de Schoss paréieren.
4 Minutte goufen nogespillt. Hei sollt sech awer näischt méi um Score änneren.

D’Lëtzebuergerinne setze sech no enger kämpferescher Leeschtung mat 2:1 géint Albanien duerch a stinn domat nom 1. Match un der Spëtzt vun der Tabell am Grupp C5.
Den nächste Match ass de 4. Juni an Albanien, éier et den 12. Juli hei heem géint Estland geet. De Retourmatch géint Estland ass da scho 4 Deeg méi spéit.