
D’Gruppephas vun der Nations League 2020/2021 gëtt en Dënschdeg den Owend um 18 Auer zu Amsterdam an Holland ausgeloust. Op RTL.lu kënnt Dir den Tirage am Livestream suivéieren.
Genee wéi bei der éischter Editioun sinn och dës Kéier 55 Natioune vertrueden. Am September fänkt d’Gruppephas un. Hei spillt all Ekipp een Aller- an ee Retourmatch géint d’Gruppegéigner. Vum 2. bis de 6. Juni 2021 gëtt de Gewënner gesicht.
Lëtzebuerg war et bei der Première gegléckt, fir aus der Divisioun D an d’Divisioun C ze klammen.
Portugal hat déi éischten Editioun vun der Nations League gewonnen.
Divisioun C
Dëppen 1: Griichenland, Albanien, Montenegro, Georgien
Dëppen 2: Nordmazedonien, Kosovo, Wäissrussland, Zypern
Dëppen 3: Estland, Slowenien, Litauen, Lëtzebuerg
Dëppen 4: Armenien, Aserbaidschan, Kasachstan, Moldawien
Divisioun A
Dëppen 1: Portugal, Holland, England, Schwäiz
Dëppen 2: Belsch, Frankräich, Spuenien, Italien
Dëppen 3: Bosnien Herzegowina, Ukrain, Dänemark, Schweden
Dëppen 4: Kroatien, Polen, Däitschland, Island
Divisioun B
Dëppen 1: Russland, Éisträich, Wales, Tschechien
Dëppen 2: Schottland, Norwegen, Serbien, Finnland
Dëppen 3: Slowakei, Tierkei, Irland, Nordirland
Dëppen 4: Bulgarien, Israel, Ungarn, Rumänien
Divisioun D
Dëppen 1: Gibraltar, Färöer Inselen, Lettland, Liechtenstein
Dëppen 2: Andorra, Malta, San Marino
3.-5. September 2020: 1. Spilldag
6.–8. September 2020: 2. Spilldag
8.–10. Oktober 2020: 3. Spilldag
11.–13. Oktober 2020: 4. Spilldag
12.–14. November 2020: 5. Spilldag
15.–17. November 2020: 6. Spilldag
2.-6. Juni 2021: Finallronn mat de véier Gruppenéischten aus der Divisioun A
24.-29. Mäerz 2022: Ofstig-Playoffs