
Och wann déi nei Traineren, Steve Blasen an Patrick Molitor, ob e puer routinéiert Spiller hu misse verzichten, konnten d’Rout Léiwen e Succès feieren. Um Enn hat Lëtzebuerg en Total vu 5037 Holz. Dat waren der 47 méi wéi d’Saarland.
Et war gewosst, datt et géint d’Gäscht net einfach géif ginn, well si den aktuelle Vize-Weltmeeschter fir hire Kader nominéiert haten. De Robin Schrecklinger huet säi Kënnen direkt ënner Beweis gestallt. Mat 922 Holz huet hie net nëmmen de beschte Score vum Dag realiséiert mee och um Rekord vun der Bunn gekraazt. De Chris Fuchs konnt aus Lëtzebuerger Sicht mat 880 Holz gutt dogéint halen.
Et war e spannende Match, deen eréischt kuerz viru Schluss decidéiert ginn ass. De Ralph Miny (835 Holz) an den Tom Hoffmann (880 Holz) hunn d’Saarlänner am leschte Block ëmmer méi ënner Drock gesat an de Retard vu 87 Keelen opgeholl.