Äishockey-WM: 3. DivisiounLëtzebuerg klappt Turkmenistan an der Overtime

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend hat d'Lëtzebuerger Äishockey-Nationalekipp hiren 2. Optrëtt bei der WM an der 3. Divisioun.

No der 2:7-Néierlag am Optaktmatch géint d’Tierkei huet Lëtzebuerg en Dënschdeg den Owend bei der Äishockey-WM an der 3. Divisioun mat 5:4 géint Turkmenistan gewonnen. No der regulärer Spillzäit stoung et 4:4 gläich. Den decisive Gol fir d’Lëtzebuerger huet de Colm Cannon an der Overtime markéiert.

Back to Top
CIM LOGO