FrëndschaftslännermatchLëtzebuerg-Madagaskar - Tickete vun e Méindeg un am Verkaf

RTL Lëtzebuerg
Den 2. Juni spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp e Frëndschaftslännermatch géint Madagaskar. Um 19 Auer gëtt de Match am Stade Josy Barthel ugepaff.
© Val Wagner

D’Präisser fir d’Tickete fir de Frëndschaftslännermatch den 2. Juni géint Madagaskar leien tëscht 10 an 20 Euro.

D’Ticketen op der Tribune couverte kaschten 20 Euro, déi op deenen aneren Tribünen 10 Euro. Et ginn och eng Partie Gratis-Tickete fir Jonker ënner 16 Joer.

Tickete ginn et bei der FLF zu Munneref an op deene bekannte Virverkafsplazen.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO