LiichtathletikLëtzebuerg op der 4. Plaz bei der Ekippen-EM

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass bei der Ekippen-EM an der 3. Liga dobäi. Déi 3 bescht Natiounen no 40 Competitioune steigen op.
© FLA

Dat war dann och am Virfeld dat erkläerten Zil. Dëst gouf um Enn awer net erreecht. D’Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen hu sech no 40 Competitioune misse mat der 4. Plaz zefridde ginn.

De Weekend iwwer gouf et dräi éischt Plaze fir d’Lëtzebuerger. Dat duerch d’Lara Buekens am Stafhéichsprong, de Bob Bertemes am Bommstoussen an d’Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter.

Déi éischt dräi Plazen hu sech Serbien, Zypern a Moldawien geséchert.

Duerch déi 4. Plaz bleift Lëtzebuerg deemno an der 3. Liga.

Back to Top
CIM LOGO