Op der Äishockey-Weltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun gouf et en Donneschdeg den Owend fir Lëtzebuerg déi zweet Néierlag am drëtte Match. Op der Kockelscheier huet ee sech misse mat 1:8 géint den Tabelleleader d’Vereenegt Arabesch Emirater geschloe ginn.
An der Tabell steet Lëtzebuerg elo op der 4. Plaz ënner 5 Ekippen.
E Freideg den Owend spillt d’Lëtzebuerger Nationalekipp hire leschte Match an dat géint Taiwan.