
D’Lëtzebuerger U17 Nationalekipp spillt am Frëndschaftslännermatch zu Wolz no enger spannender Schlussphase 2:2-Gläich géint Holland. An der 1. Hallschent hu béid Ekippen sech schwéier gedoe fir geféierlech virun de Gol ze kommen. Nodeems béid Formatiounen an der Paus ferm gewiesselt hunn, huet sech de 400 Spectateuren zu Wolz een anere Match gebueden.
D’Ekipp vum Daniel Zirbes war aktiv, an huet de Wee no fir gesicht. An der 51. Minutt kruten d’Léiwen een Eelefmeter zougesprach, deen awer sollt vum Hollännesche Golkipp paréiert ginn. Nëmmen dréi Minutte méi spéit sollt den Oumar Diallo awer déi verdéngte Féierung fir d’Lëtzebuerger schéissen. An der Suite vum Match huet Holland de Match awer an d’Hand geholl, a konnt d’Resultat no Goler vum Jari Kolthof (85') a Resley Kessels (90+3') dréinen. An enger animéierter Schlussphase kruten d’Lëtzebuerger an der 5. Minutt vun der Nospillzäit no engem Foul um Bruno Giesleira e weideren Elefmeter gepaff. De Bruno Giesleira ass selwer ugetrueden an huet an der leschter Sekonn vum Match den 2:2-Ausgläich markéiert. De Match gouf nom Gol dann och net méi ugepaff, sou dass d’Rout Léiwen 2:2-Gläich géint Holland spillen.