Bléck no virLëtzebuerg spillt Frëndschaftsmatch géint Kasachstan

RTL Lëtzebuerg
Amplaz vun enger Finall ëm d'Participatioun bei der EM an Däitschland géint Griichenland, spillt d'FLF-Formatioun elo e Frëndschaftsmatch géint Kasachstan.

En Donneschdeg hunn d’rout Léiwen an der Halleffinall vun de Nations League Playoffs a Georgien 0:2 verluer. D’Enttäuschung setzt een Dag no der Defaite zu Tiflis nach déif. Den Dram vum der Europameeschterschaft an Däitschland dëst Joer ass geplatzt. D’Ekipp selwer ma och de Sportminister weise sech vum Ausgang vun der Partie enttäuscht.

Georges Mischo iwwert d'Partie Georgien-Lëtzebuerg
Um Dag no der batterer Néierlag an der Halleffinall vun de Playoffs vun der Nations League huet de Sportminister drop reagéiert.

Allerdéngs geet et an 3 Deeg schonn nees weider. D’FLF-Selektioun spillt en Dënschdeg ëm 20.45 Auer am Stade de Luxembourg géint Kasachstan.

D’Kasachen hu sech en Donneschdeg Owend däitlech mat 0:5 zu Athen géint Griicheland misse geschloe ginn. Doduerch, datt et net méi ëm d’Qualifikatioun fir d’EM bei eisen däitschen Nopere geet, wäert d’UEFA dës Partie als Frëndschaftsmatch. U sech kéint den Danel Sinani, deen nach a Georgien wéinst enger rouder Kaart am leschten EM-Qualifikatiounsmatch a Liechtenstein gespaart gefeelt huet, en Dënschdeg zum Asaz kommen. E Fragezeichen steet hannert dem Mica Pinto. De Spiller vu Vitesse Arnheim huet blesséiert missen ausgewiesselt ginn. De Maxime Chanot dogéint wäert net mat dobäi sinn. Hie geet zeréck bei säi Veräin AC Ajaccio.

Nach ass dem Spiller vum St.Pauli säin Asaz onkloer. Säi Veräin huet hie fir d’Rees a Georgien net fräi ginn.

Bis e well hunn d’Rout Léiwen nach ni géint Kasachstan gespillt. An der FIFA-Weltranglëscht ass d’FLF-Selektioun ëm 15 Plaze besser placéiert wéi d’Kasachen. (Lëtzebuerg Plaz 85, Kasachstan Plaz 100)

De Kader ass relativ onbekannt. Zwar si mam Bakhtiyor Zaynutdinov (Besiktas Istanbul) an dem Nuraly Alip (Zenit St.Petersburg) zwee Spiller a grouss internationale Veräiner ënnerwee, de Rescht spillt awer gréisstendeels a Kasachstan.

D’Rout Léiwen hunn en Dënschdeg zum Ofschloss d’Chance, fir hirem eegene Public am Stade de Luxembourg Merci ze soen. Vun 20.30 Auer u kënnt Dir wéi gewinnt bei eis um RTL Zwee live mat dobäi sinn.

RTL-News: Vizepresident vun der FLF: “Mat där Zeen mam VAR vum Mica Pinto si mer manifestement benodeelegt ginn”

Back to Top
CIM LOGO