
Nodeems déi 23 selektionéiert Spillerinnen an de Staff ronderëm den Dammennationaltrainer Dan Santos en Donneschdeg den Owend negativ op de Coronavirus getest goufen an nach e leschten Training zu Monnerech war, huet sech d’Lëtzebuerger Delegatioun e Freideg de Moien op de Wee a Richtung Liechtenstein gemaach. No der Arrivée e Freideg am Nomëtteg geet e Freideg den Owend d’Preparatioun weider, sou den Nationaltrainer Dan Santos.
“Dann hu mir owes e klengen Training an da kann d’Ekipp owes zesummen am Hotel sinn, dat ass och gutt fir den Ekippegeescht a fir de Grupp zesummenzekréien. E Samschdeg de Moien hu mir e klengen Training an e Samschdeg de Mëtteg, wou mir dann e puer Saachen op d’Plaz setze fir e Sonndeg de Match. Mä wat flott ass, ass dass mir einfach emol e puer Deeg kënnen zesumme sinn, si ënnert sech a mir mam Staff. Fir eis besser kennenzeléieren an eng besser Dynamik erauszekréien.”
Am September wäerten d’Rout Léiwinne fir d’éischte Kéier un enger WM-Qualifikatioun deelhuelen. En vue vun dëser Campagne wëll den Dan Santos am Match géint Liechtenstein dovunner profitéieren, jonke Spillerinne Spillpraxis ze ginn.
“D’Qualifikatioun ass laang. Mir hunn awer tëschent 8 an 10 Matcher, deemno wéi eng Grupp mir falen an do brauche mir vill Spillerinnen, e grousse Reservoir an dofir sinn déi eng oder aner Spillerinnen haut doheem bliwwen, déi mir scho méi laang kennen, déi och scho prett si fir déi nächst Etapp an déi hei ass ebe fir dass déi och emol e richtege Lännermatch erliewen.”
Och wann de Kader vun der FLF-Formatioun aus ville jonke Spillerinne besteet, huet den Dan Santos géint de Géigner e Sonndeg e kloert Zil.
“Liechtenstein ass e bëssen onbekannt fir eis, mä et ass e Géigner, wou d’selwecht gestuuft ass wéi mir an trotz datt mir eng jonk Ekipp matgeholl hunn, gi mir ganz kloer dohinner, fir ze gewannen.”
De Match tëscht Liechtenstein a Lëtzebuerg gëtt e Sonndeg um 16 Auer ugepaff. Dir kënnt de Match am Livestream op RTL.lu suivéieren.