
Kuerz virun Enn vun der éischter Hallschent krut den Tim Kips, de Golkipp vun de jonke Roude Léiwen déi rout Kaart gewisen an esou ware si just nach zu 10. Dës Iwwerzuel hunn d’Armenier ausgenotzt, fir an der zweeter Hallschent 2 Goler ze markéieren. De Mkrtchyan an den Daniielian hunn an der 56., respektiv 86. Minutt getraff.
De Belmin Muratovic vum Progrès Nidderkuer huet zu allem Iwwerfloss dunn och nach an der 94. Minutt een Eelefmeter verschoss an esou verléiert Lëtzebuerg um Enn mat 0:2.