DammefuttballLëtzebuerg verléiert 1:3 op Malta

RTL Lëtzebuerg
An engem Testmatch op der Mëttelmierinsel musse sech d'Lëtzebuergerinne geschloe ginn. E Freideg hat ee scho mat 1:2 géint Malta verluer.
© Screenshot aus engem Youtube-Video

Am Futtball huet d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp och den zweeten Test-Lännermatch géint Malta verluer. E Méindeg gouf et eng 1:3-Néierlag op Malta. D’Amy Thompson hat de Gol fir Lëtzebuerg geschoss. E Freideg hat et géint dee selwechte Géigner eng 1:2-Néierlag ginn.

Back to Top
CIM LOGO