Davis CupLëtzebuerg verléiert géint Monaco a muss an d'Relegatioun

RTL Lëtzebuerg
Am Tennis-Davis-Cup huet Lëtzebuerg an der Europa Grupp 3 op Zypern e Freideg am drëtte Gruppematch 1:2 géint Monaco verluer.
© FLT

De Chris Rodesch hat d’Lëtzebuerger e Freideg de Moien am éischte Match mat 1:0 géint Monaco a Féierung bruecht. Hien hat sech mat 6:2, 5:7 a 6:1 géint de Romain Arneodo behaapt. Duerno gouf et zwou Néierlage fir d’Ekipp vum Kapitän Gilles Muller. Den Alex Knaff huet an 2 Sätz mat 2:6 an 3:6 géint de Valentin Vacherot verluer. Am Dubbel gouf et fir den Duo Raphael Calzi / Alex Knaff eng 2-Saz-Defaite (4:6 an 0:6) géint d’Koppel Romain Arneodo / Hugo Nys.

Domadder kënnt Lëtzebuerger an der Tabell op déi drëtte Plaz. E Samschdeg kritt d’FLT-Formatioun et elo am Relegatiounsmatch, fir an där Divisioun ze bleiwen, mat Island ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO