Äishockey-WM: 3. DivisiounLëtzebuerg verléiert géint Taiwan a steigt of

RTL Lëtzebuerg
Mat 3:5 hunn d'Rout Léiwe sech op der Kockelscheier misse geschloe ginn.
© Val Wagner

E Freideg den Owend huet d’Lëtzebuerger Nationalekipp hire leschte Match bei der Äishockey-Weltmeeschterschaft an der 3. Divisioun gespillt. Op der Kockelscheier huet ee sech misse mat 3:5 géint Taiwan geschloe ginn. Fir d’Rout Léiwen hunn de Sacha Backes, de Benny Welter an de Claude Mossong markéiert.

Vun de 4 Matcher huet Lëtzebuerg um Enn ee gewonnen an dat war géint Turkmenistan. Duerch d’Néierlag am leschte Match géint Taiwan steigt Lëtzebuerg an d’Divisioun 3 B of.

Gewonne gouf de Grupp A an der 3. Divisioun vun de Vereenegten Arabeschen Emirater. Si klammen domadder an d’Divisioun 2 B.

Back to Top
CIM LOGO