
Nodeem Lëtzebuerg duerch d’Victoire géint Montenegro um Freideg schonn an d’Playoffs vun der Weltgrupp II opgestige war, goung et um Samschdeg géint de Gewënner vun der Poule A. D’Matcher géint Georgien ware serréiert, mat dem besseren Enn fir d’Ekipp vum Kaukasus.
De Raphael Calzi huet sech am éischte Match 3:6 an 3:6 géint de Zura Tkemaladze musse geschloe ginn. De Match vum Chris Rodesch géint de Saba Purtseladze war méi enk. De Lëtzebuerger huet den éischte Saz mat 6:2 fir sech entscheet, an den nächsten zwee Sätz goung et an den Tiebreak, wou de Georgier 7:6 a 7:6 gewënnt.