Futtball-Nations-LeagueLëtzebuerg verléiert mat 1:2 géint Zypern

RTL Lëtzebuerg
No enger dominanter éischter hallwer Stonn hunn d'Lëtzebuerger sech no der rouder Kaart vum Selimovic schwéier gedoen a verléieren um Enn mat 1:2.
© RTL

Um Samschdeg stoung fir d’ Rout Léiwen zu Nicosia an Zypern de 5. Spilldag vun der Nations League um Programm. D’Ekipp vum Luc Holtz hat no 3 Victoiren an enger Defaite eng gutt Ausgangspositioun, fir sech fir d’Playoffs ze qualifizéieren, dëst virun allem well d’Lëtzebuerger den direkte Vergläich géint Montenegro fir sech entscheede konnten.

Géint d’Nationalekipp vun Zypern, déi bis ewell mat engem Punkt um Wupp vun der Tabell stinn, hat et nëmme 5 Minutte gedauert, éiert d’Lëtzebuerger a Féierung goe konnten. No engem stramme Ball vum Muratovic an d’Mëtt war et um Enn ee Selbstgol vum Kousoulos, dee sengem Golkipp keng Chance gelooss hat.

D’Lëtzebuerger waren an der éischter hallwer Stonn déi besser Ekipp, ma aus dem Näischt konnten d’Zyprioten an der 34. Minutt aus 11 Meter duerch de Kastanos ausgläichen. De Selimovic krut bei der Entstehung vum Eelefmeter zousätzlech nach déi rout Kaart, woumat dem Luc Holtz seng Ekipp an Ënnerzuel huet misse weiderspillen.

No der Paus ware béid Formatioune beméit, sech déi dräi Punkten ze sécheren, ma d’Lëtzebuerger hate Schwieregkeete fir an de Match ze fannen. An der 70. Minutt koum et du ganz batter fir d’Nationalekipp aus dem Grand-Duché. No enger pass vum Ilia konnt de Kastanos säin zweete Gol markéieren an hat dem Moris aus kuerzer Distanz keng Chance gelooss.

Um Enn verléieren d’Rout Léiwe soumat trotz enger staarker Ufanksphas mat 1:2 géint Zypern a musse soumat op de leschte Spilldag hoffen.

D'Zesummefaassung vun der 1:2-Defaite.
Trotz enger 1:0-Féierung verléiert d’FLF-Formatioun um Enn mat 1:2 géint Zypern.

Am zweete Match vum Grupp 1 vun der Liga C war Montenegro am Aserbaidschan am Asaz a koum net iwwer ee 0:0-Remis eraus.

E Samschdeg gouf och nach an der Liga A gespillt. Hei stounge sech ë.a. Portugal a Frankräich géintiwwer.

D’Reaktioune vun der Lëtzebuerger no der batterer Defaite:

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match.
Den Nationaltrainer Luc Holtz, de Kapitän Laurent Jans an de Lars Gerson hunn hir Impressiounen no der 1:2-Defaite um RTL-Mikro matgedeelt.

Resümmee vum Match Zypern - Lëtzebuerg

Virun eidelen Tribünen zu Nicosia war et ee flotte Start vun der FLF-Formatioun. No nëmme 5 Minutten hunn d’Lëtzebuerger de Score konnten opmaachen, dëst no der éischter geféierlecher Aktioun vum Match. No engem Ball vum Sinani op de Vincent Thill koum et zu engem Duercherneen am Strofraum vun den Zyprioten. Um Enn war et de Muratovic, deen de Ball mat engem stramme Schoss an d’Mëtt bruecht hat, dee vum Kousoulos an den eegene Gol deviéiert gouf. Soumat haten d’Lëtzebuerger ganz fréi déi wichteg Féierung op hirer Säit.

D'Lëtzebuerger konnte fréi a Féierung goen.
No engem stramme Schoss vum Muratovic war et de Kousoulos, deen de Ball an den eegene Gol deviéiert hat.

No der Féierung waren d’Männer vum Luc Holtz beméit, de Match ze kontrolléieren a weider offensiv Aktiounen erauszespillen. No ronn enger véierel Stonn war et de Muratovic, deen et no enger flotter Kombinatioun vun de roude Léiwe probéiert hat, säi Versuch war awer net op de Gol gaangen.

D’FLF-Formatioun war iwwer wäit Strecken déi dominant Ekipp. An der 21. Spillminutt hat de Bareiro no enger Pass vum Rodrigues d’Geleeënheet, ma och hei hat d’Prezisioun am Ofschloss gefeelt.

No enger hallwer Stonn waren et op en Neits d’Lëtzebuerger, déi fir Gefor suerge konnten. No engem Ballverloscht am Mëttelfeld vun der Lokalekipp konnt de Gerson Rodrigues seng Schnellegkeet ausspillen. Hien hat et aus der Distanz probéiert, ma den Demetriou konnt de Ball no liichte Schwieregkeete paréieren.

Aus dem Näischt gouf et dunn an der 33. Minutt ganz batter fir d’Lëtzebuerger. Mat der éischter geféierlecher Aktioun gouf den Ilia am Strofraum vun de roude Léiwen onfair vum Ball getrennt a soumat gouf et Eelefmeter fir d’Haushären. Den Onparteieschen hat dem Selimovic zousätzlech nach déi rout Kaart gewisen, woumat d’Lëtzebuerger ee Mann manner um Terrain haten. De fällegen Eelefmeter konnt de Kastanos um Enn mat Hëllef vum Potto an de Filet setzen.

No 34 Minutte konnten d'Zyprioten den Ausgläich markéieren.
No engem Feeler vum Selimovic, deen zousätzlech nach vum Terrain gesat gouf, konnt de Kastanos de fällegen Eelefmeter verwandelen.

An enger kierperbetounter Partie hunn d’Lëtzebuerger nom Ausgläich d’Kontroll verluer, ma bis zur Paus sollt et beim 1:1 bleiwen.

Déi beschten Aktiounen aus der éischter Hallschent.
Mat engem 1:1-Remis goung et zu Nicosia op den Téi.

Nom Téi waren et d’Männer vun Zypern, déi déi éischten offensiv Aktioun op hirer Säit haten. An der 50. Minutt war de Pittas, deen eleng op de Lëtzebuerger Gol gelaf war, ma de Moris konnt se Schoss mat engem staarke Reflex ofwieren.

D’Lëtzebuerger kruten an den éischte Minutten nom Téi kee richtegen Zougrëff op de Match, ma an der 53. Spillminutt konnte si erëm ee Liewenszeeche vu sech ginn. De Rodrigues hat de Vincent Thill am Strofraum ugespillt, ma dem jonke Lëtzebuerger säi Schoss goung iwwert de Gol.

Béid Formatioune ware mat deem enge Punkt net zefridden a sou sinn d’Zyprioten och zu hire Chance koum. No engem Feeler vum Laurent Jans konnt de Pittas aus ronn 16 Meter ofzéien, ma de Moris konnt de Ball ouni Problemer fänken.

An der 70. Minutt konnten d’Haushären den Drock op d’Lëtzebuerger nach eng Kéier erhéijen. No enger Pass vum Ilia an de Strofraum konnt de Kastanos d’Nerve behalen, an de Ball äiskal laanscht de Moris setze konnt.

An der 70. Minutt konnten d'Haushären a Féierung goen.
No engem pass vum Ilia hat de Kastanos d’Nerve behalen a konnt säin zweete Gol markéieren.

Nom Réckstand hunn d’Lëtzebuerger hanne missen opmaachen, a sou koumen d’Zyprioten ëmmer erëm zu Chancen, allerdéngs waren hir Schëss net prezis genuch.

Déi beschte Geleeënheet fir d’Lëtzebuerger war an der 90. Minutt, ma de zypriotesche Golkipp konnt dem Gerson Rodrigues säi Versuch ofwieren, soumat verléiert Lëtzebuerg ee ganz wichtege Match mat 1:2. Fir Zypern war et déi éischte Victoire an dëser Nations League.

Déi bescht Zeenen aus der zweeter Hallschent.
D’Rout Léiwen verléieren no enger enttäuschender 2. Hallschent mat 1:2 géint Zypern.

Am leschte Match vun der Gruppephas trëfft Lëtzebuerg den Dënschdeg op den Aserbaidschan an huet awer weiderhin d’Méiglechkeet, fir sech déi éischten Tabelleplaz zréck ze erkämpfen.

De kompletten Iwwerbléck vun der Nations League

LINK: Klickt hei, fir op de kompletten Iwwerbléck vun der Nations League ze kommen

Back to Top
CIM LOGO