E Sonndeg den Owend spillt d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp hire leschte Match vun der Qualifikatiounscampagne fir d’WM 2022 am Katar. Nach ni haten d’Rout Léiwen an enger Quali. fir eng Weltmeeschterschaft 9 Punkte gesammelt. Ma e Sonndeg kéint et e weideren historeschen Owend fir d’FLF-Formatioun ginn. E Remis géif nämlech duergoen, fir op déi 3. Plaz am Grupp A ze kommen.
Et hat sech schonn de 27. Mäerz ugedeit. De Gerson Rodrigues huet an der 85. Minutt zu Dublin den decisive Gol am Allersmatch géint d’Nummer 51 an der Fifa-Weltranglëscht geschoss. D’Iren hunn dann och déi 3 éischt Matcher an der Campagne verluer a géint den Aserbaidjan nëmme gläichgespillt. Zanter hier ass d’Formatioun vum Stephen Kenny awer ongeschloen. Virun allem mam Remis en Donneschdeg géint Portugal hunn d’Iren de Kampf ëm déi éischt an déi drëtt Plaz am Grupp A nach emol richteg spannend gemaach.
D’Ire musse gewannen, fir mat enger besserer Goldifferenz d’Lëtzebuerger nach anzefänken. Déi meescht Nationalspiller aus Irland spillen an England. Aktuell 4 dovunner an der Premier League. Mee d’Rout Léiwen hunn individuell eppes dogéintzesetzen. Nieft engem excellent opgeluechte Sébastien Thill natierlech och de Gerson Rodrigues. 5 Goler an 3 Assisten a 6 Matcher. De Stiermer vun Troyes war net nëmme mat sengem Doppelpack en Donneschdeg géint den Aserbaidjan decisiv fir d’Ekipp vum Luc Holtz.
De Match gëtt e Sonndeg den Owend um 20.45 Auer am Stade de Luxembourg, deen als CovidCheck-Event eng éischte Kéier ausverkaf wäert sinn, ugepaff. RTL iwwerdréit d’Partie géint Irland natierlech awer och live vun 20.30 Auer un um RTL ZWEE, um Radio an am Stream an Ticker op RTL.lu.