FrëndschaftslännermatchLëtzebuerg zitt géint äiskal Däne mat 0:4 de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
Schonns no den éischte 45 Minutte war Dänemark mat 2:0 a Féierung gaangen. Dësen Avantage hu staark Skandinavier an der 2. Hallschecht weider ausgebaut.
© Tom Hoffmann

En Dënschdeg den Owend krut d’Lëtzebuerger Nationalekipp et zu Aalborg mat Dänemark ze dinn. D’Dänen, déi an der Weltranglëscht op Plaz 14 gefouert sinn, hunn an der 1. Hallschecht mat vill Drock opgespillt. Dat huet d’Lëtzebuerger ferm a Schwieregkeete bruecht an esou goung et mat engem 0:2-Réckstand op den Téi.

Och an der 2. Hallschecht war Dänemark ze staark fir d’Ekipp vum Luc Holtz an huet zwou weider Kéieren dat ronnt Lieder am Lëtzebuerger Filet ënnerbruecht.

Iwwerdeems ass de Luc Holtz en Dënschdeg als FLF-Selectionneur mam Paul Philipp gläich gezunn. Allebéid kommen elo op 87 Matcher als Trainer vun der Futtball-Nationalekipp. Och fir den Dan Da Mota gouf et eppes ze feieren: hien huet säin 98. Match am Dress vun de Roude Léiwe gespillt an ass domat mam Jeff Strasser gläich gezunn.

Lëtzebuerg zitt géint äiskal Däne mat 0:4 de Kierzeren
Schonns no den éischte 45 Minutte war Dänemark mat 2:0 a Féierung gaangen. Dësen Avantage hu staark Skandinavier an der 2. Hallschecht weider ausgebaut.

Reaktiounen nom Match

De Laurent Jans nom schwéiere Match géint Dänemark
De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp kuckt um RTL-Mikro op schwéier 90 Minutten zeréck.
De Chris Philipps um RTL-Mikro
De Profi vu Legia Warschau gouf an den zweete 45 Minutten agewiesselt.
De Luc Holtz huet no engem schwaache Start missen ëmstellen
Den Nationaltrainer ass enttäuscht a lueft de Géigner.

Dänemark - Lëtzebuerg 4:0

1:0 Braithwaite (13'), 2:0 Dolberg (22'), 3:0 Dolberg (59'), 4:0 Gytkjaer (67')

Testmatch Dänemark - Lëtzebueg / Resumé vum Tom Hoffmann

D’Lokalekipp huet vun Ufank un den Toun uginn an ass an der 6. Spillminutt fir d’éischte Kéier geféierlech an Aktioun getrueden. Dat a Persoun vum Robert Skov, deen op Fräistouss hin de lëtzebuergesche Gol just knapps verfeelt huet. Lëtzebuerg hat ee schwéiere Stand géint, an der Ufanksphas, dominant Dänen. An der 10. Minutt war et op en Neits de Skov, deen déi Kéier de Ball awer aus gudder Distanz wäit laanscht gesat huet.

De Gol fir d’Dänen houng an der Luucht. No 13 Minutten huet den Anthony Moris dunn och missen hannert sech gräifen. No engem Corner ass dat ronnt Lieder beim Martin Braithwaite gelant, deen huet op 1:0 gesat.

Den 1:0 fir d'Dänen
Aus kuerzer Distanz setzt de Braithwaite op 1:0.

An d’Dänen hunn no hirer Féierung weider gedréckt. No 20 Minutten huet de Skov eng weider Kéier ferm ofgezunn an d’Këscht vum Moris nëmme knapps net geroden. Eng Minutt drop huet et dunn awer nees gerabbelt, de Skov iwwer riets geschéckt gouf. Dësen huet op de Kasper Dolberg ginn, deen direkt ofgezunn huet an op 2:0 geschrauft huet.

Den 2:0 fir d'Dänen
Op Konter hin hunn d’Dänen a Persoun vum Dolberg op 2:0 gesat.

Dat éischte Liewenszeeche vun de Roude Léiwe koum ronn 10 Minutte virun der Paus - de Luc Holtz hat nämlech taktesch ëmgestallt a vun deem Ament u war d’Raumopdeelung besser.

No enger flotter Flank vum Laurent Jans konnt sech de Gerson Rodrigues an der Mëtt géint de Simon Kjaer duerchsetzen. Aus 10 Meter koum de Lëtzebuerger fräi zum Schoss, huet awer de Kipper Schmeichel ugeschoss - deen huet just misse stoe bleiwen, fir dat ronnt Lieder ze halen. Och den Noschoss vum Vincent Thill huet d’Zil net fonnt. No den éischte 45 Minutte stoung et deemno 2:0 fir Dänemark.

Highlighten aus der 1. Hallschecht
Mat engem 0:2-Réckstand goung et fir d’Rout Léiwen an d’Paus.

Fir déi 2. Hallschecht goufen et op Lëtzebuerger Säit direkt zwee Wiessel: de Ralph Schon an de Chris Philipps sinn erakomm. Lëtzebuerg huet dann och an der Ufanksphas vum 2. Duerchgang e stabillen Androck gemaach, ouni sech awer Golgeleeënheeten erauszespillen.

An der 55. Minutt koum et dunn awer zu enger Chance fir d’Rout Léiwen. De Leandro Barreiro gouf nämlech exzellent an d’Zeen gesat an huet sech am Strofraum gutt behaapt. Just säi Schoss a Richtung Gol hat net genuch Jus, soudatt den Dänesche Kipper a Korner deviéiere konnt.

Dofir datt d’Lëtzebuerger zwou gutt Golgeleeënheeten, kuerz virun an no der Paus net verwandele konnten, huet Dänemark op der Stonn awer de Ball am Filet ënnerbruecht. Déi Kéier gouf et séier iwwer hir riets Offensivsäit. Den Henrik Dalsgaard huet no senger Ballbehaaptung erageflank an an der Mëtt konnt den Dolberg ouni Problemer op 3:0 setzen.

Den 3:0 fir d'Dänen
Mam 3:0 op der Stonn fir Dänemark krut Lëtzebuerg déi kal Dusch.

Mat zolitte Schwieregkeeten an der Lëtzebuerger Defense goung et nom 0:3 aus Lëtzebuerger Siicht weider. D’Däne waren ze staark a virum Gol äiskal. Esou goung et beim 4:0 op en Neits iwwer déi riets Säit vun Dänemark. Huet sech den Dalsgaard scho beim 3:0 als gudde Passgeber erausgestallt, huet de Mann vum FC Brentford no 67 Minutten och de Christian Gytkjaer gutt zerwéiert. Den agewiesselte Spiller huet de Ball mam Kapp propper am Schon sengem Gol ënnerbruecht.

De 4:0 fir d'Dänen
Kuerz nom 3:0 ass de 4:0 fir Dänemark gefall.

No 90 schwéiere Minutte fir d’FLF-Formatioun stoung deemno eng plakeg 0:4-Defaite um Tableau. Och wann d’Rout Léiwen en Dënschdeg zwou gutt Golgeleeënheeten haten, war d’Lokelekipp dem Luc Holtz senge Jongen eng Nummer ze grouss.

Highlighten aus der 2. Hallschecht
Och an der 2. Hallschecht waren Dänemark ze staark.

Back to Top
CIM LOGO