FC Santa Coloma vs FK BoracLëtzebuerger Arbitter päift Conference-League-Match

RTL Lëtzebuerg
D'Partie gëtt en Donneschdeg den Owend um 18 Auer gespillt.
© MARTIN SILVA COSENTINO / NurPhoto / NurPhoto via AFP

En Donneschdeg den Owend sinn net nëmmen de Racing an Diddeleng an der 1. Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun gefuerdert, och e Lëtzebuerger Arbitter ass am Asaz.

De Fifa-Arbitter Jérémy Müller päift de Match tëscht dem FC Santa Coloma an dem FK Borac. Gespillt gëtt d’Partie an Andorra. Assistéiert gëtt de Müller vum Joaquim Da Silva an dem Kevin Stammet. Véierten Offiziellen ass de Cédric Biever.

Back to Top
CIM LOGO