Tëscht de spektakuläre Spëtzten am Zhangjiajie National Forest Park a China – och nach bekannt als “Avater-Bierger” – huet de 25 Jore alen Archie Williams eng aussergewéinlech Leeschtung vollbruecht:hiien huet sech géint Athleten aus der ganzer Welt behaapt, dorënner aus China, Frankräich, Brasilien an Argentinien.
Hien huet déi 1.000 Meter op enger zwee-Millimeter-dënner Slackline a 14 Minutten a 54 Sekonne gemeeschtert – dat entsprécht ongeféier 1,1 Meter pro Sekonn – a gouf mat engem Virsprong vun dräi Minutten op säin nächste Géigner, de Jakub Morawski aus Polen, als “Slackline-King” gekréint.
Den Archie Williams huet sech eréischt 2020 déi éischte Kéier op eng Slackline, an 2021 op eng Highline gestallt. Gebuer an opgewuess ass hien zu Lëtzebuerg, dat awer mat britteschen Elteren. No sengem Triumph sot hien: „No dëser Victoire hat ech e fantastescht Gefill, well ech déi éischt Victoire iwwerhaapt fir Lëtzebuerg erreecht hunn an eist Land esou international Opmierksamkeet kritt. Ech hu ganz haart trainéiert a war immens erliichtert, wéi et eriwwer war. Ech hunn alles ginn an der Qualifikatioun a war immens frou, datt ech dat och an der Finall konnt maachen.”
Den Archie Williams war zu Lëtzebuerg an der Europaschoul a war fréier e passionéierte Rugbysspiller: „Meng Deeg als Rugby-Spiller si mir ëmmer erëm duerch de Kapp gaangen op de leschten 200 Meter vun der Course, well ech hat bal keng Kraaft méi iwwereg. Ech hunn awer probéiert, mental staark ze bleiwen, fir et bis zum Schluss duerchzezéien.“
