European Silver League am VolleyballLëtzebuerger Damme verléieren Optaktmatch géint Finnland

RTL Lëtzebuerg
Am éischt Match zu Tampere hunn d'Lëtzebuergerinnen d'Iwwerleeënheet vun de Finninne missen unerkennen.
© AFP

D’Rout Léiwinnen hu sech misste mat 7:25, 19:25 an 9:25 an 3 Sätz geschloe ginn. Dat deelt d’Lëtzebuerger Volleyball-Federatioun an engem Mail mat.

E Freideg spillen d’Lëtzebuerger Dammen da géint Portugal.

E Freidegowend geet et da fir d’Lëtzebuerger Hären an der Golden League lass. Si treffen an hirem éischte Match op Portugal, éier et dann e Samschdeg géint Spuenien geet.

Back to Top
CIM LOGO