Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun den Olympesche Spiller gouf de 4-Joers-Rhythmus ausgesat. Dat wéinst der Pandemie, déi d’lescht Joer d’ganz Welt op d’Kopp geheit huet. Laang war net sécher, ob d’Japaner iwwerhaapt nach d’Spiller wéilten ofhalen. Ma et houng awer ze vill drun... net nëmme Milliarde vun Euroen, ma virun allem och déi haart Aarbecht vun den Athleten, fir déi d’Olympesch Spiller den Highlight an hirer Karriär sinn. Vum 23. Juli u wäerte sech iwwer 11.000 Athlete vun der ganzer Welt an 33 Sportaarten unenee moossen. Dorënner och 12 Lëtzebuerger.