EM am KarateLëtzebuerger Delegatioun reest mat groussen Erwaardungen op Baku

Tom Hoffmann
Enn Mäerz sinn zu Baku am Aserbaidjan d’Senior-Europameeschterschaften am Karate, mat dobäi eng Delegatioun mat 9 Lëtzebuerger.
Virschau op d'EM am Karate zu Baku
Enn Mäerz sinn zu Baku am Aserbaidjan d’Senior-Europameeschterschaften am Karate, mat dobäi eng Delegatioun mat 9 Lëtzebuerger.

Déi Responsabel hunn nieft e puer Nowuesstalenter, déi nominéiert goufen, och eng Titelverdeedegerin mat u Bord.

D’Jenny Warling weess, op wat et bei enger Europameeschterschaft ukënnt. D’lescht Joer stoung déi 26 Joer jonk Karateka bei der EM zu Guadalajara a Spuenien, nëmmen 8 Méint no hirem Kräizbandrëss, ganz uewen um Podium. An engem Joer, wou Tokio ganz uewen op der “To-Do"-Lëscht vun de Lëtzebuerger Athlete steet, läit dem Jenny Warling säi Fokus verständlecherweis net direkt op der EM, mä éischter um Quali-Turnéier am Mee, fir sech fir Olympia ze qualifizéieren. Am ganze goufe 4 Damme fir dës EM zu Baku ageschriwwen, déi individuell a mat der Ekipp wäerten untrieden.

Mam Allison Berna, déi bei der U21-EM zu Sotchi d’Sëlwermedail gewonnen huet a mat der Juniorweltmeeschterin Kimberly Nelting sëtzen, nieft dem Pola Giorgetti, zwee Nowuesstalenter mat am Fliger.

D’Kimberly Nelting reest mat enger Blessur um lénke Fouss op Baku, rechent awer domat, an engem Mount nees fit ze sinn. Falls sech d’Blessur sollt bemierkbar maachen, wäert d’Junior-Weltmeeschterin op d’Zänn bäissen.

Bei den Häre goufen nieft dem Jordan Neves, de Jonny Da Luz, den Adil Kaida an den David Marques fir de Kumité an de Patrick Marques fir de Kata nominéiert.

De Kader steet also fest. D’Deadline fir d’Inscriptiounen ass zwar eréischt Enn Mäerz, mä Ännerunge wäerten et keng méi ginn.

Back to Top
CIM LOGO