
Hire leschten Optrëtt haten d’FLT-Dammen am Februar 2020 zu Esch. Als nächst ass d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp vum 12. bis de 15. Abrëll a Finnland am Billie Jean King Cup (Fed Cup) an der Europa/Afrika Grupp II gefuerdert.
Kapitänin vum FLT-Team ass d’Anne Kremer. Si huet folgend Spillerinnen nominéiert: Mandy Minella, Marie Weckerle, Claudine Schaul an Erna Brdarevic.
Trainer vum Team ass de Frédéric Baade an als Kiné ass de Benjamin Chassin virgesinn.
Gespillt gëtt an 2 Poulen. Lëtzebuerg kritt et an der Poule B mat Finnland, Litauen an Israel ze dinn. An der Poule A spille Griicheland, Ägypten an Norwegen. Insgesamt wäerten 2 Natiounen opsteigen an och 2 Natiounen ofsteigen.