
Am Tennis-Davis-Cup ass Lëtzebuerg den Ament an der Europa Grupp 3 am Saz. No der Defaite géint Irland huet sech d’FLT-Formatioun en Donneschdeg mat 3:0 géint Malta duerchgesat.
Am éischte Match vum Dag huet sech de Chris Rodesch an 2 Sätz mat 6:2 a 6:2 géint den Alex Degabriele behaapt. An der zweeter Partie gouf et eng 2-Saz-Victoire fir de Raphael Calzi. Hien huet de Liam Delicata mat 6:3 a 6:4 geklappt. Am Dubbel konnte sech de Raphael Calzi an den Alex Knaff souverän an 2 Sätz mat 6:1 a 6:1 géint d’Malteser Alex Degabriele a Liam Delicata duerchsetzen.