Junioren-EM am PowerliftingLëtzebuerger Philippe Parage ka sech 3 Medaile sécheren

RTL Lëtzebuerg
Souwuel am Kräizhiewen, wéi och am Bänkdrécken an am Knéibeuge konnt de Philippe Parage op der Junioren-EM zu Pilsen nei Lëtzebuerger Rekorder opstellen.

Am Knéibeugen (Squat) huet hie mat 310 kg een neien Rekord opgestallt an d’bronze Medail gewonnen.

Am Bänkdrécken (Benchpress) si seng 185 kg een neien Lëtzebuerger Rekord an och hei war et um Enn d’bronze Medail.

E weidere Rekord gouf et dann am Kräizhiewen (Deadlift), dat mat 182,5 kg. Hei war et dann och d’sëlwer Medail.

Am Total mécht dat e Score vun 777,5 kg, wat dann och e weidere Lëtzebuerger Rekord duerstellt.

Den Trainer Alain Hammang huet sech no der EM ganz zefridden gewise mat der Leeschtung vum Lëtzebuerger. Mat sengen 20 Joer hätt de Philippe Parage nach eng grouss Zukunft viru sech.

Back to Top
CIM LOGO