
Dës gouf zejoert vum fréiere Box-Weltmeeschter Amir Khan an d’Liewe geruff an ass en offiziellt Evenement vum World Boxing Council (WBC). Hei ginn eng 7 bis 8 Kämpf tësche verschiddenen Influencer aus dem Beräich vun de Crypto-Wärunge gewisen.
Obwuel Amateure géinteneen untrieden, handelt et sech ëm richteg Box-Kämpf.
De Lëtzebuerger Scott Kirsch war am Haaptkampf vum Owend an der Gewiichtskategorie ënner 70 Kilogramm iwwer 4 Ronne géint den amerikanesche Crypto-Influencer Ponzi Trader ugetrueden. Um Enn sollt de Lëtzebuerger als Gewënner aus dem Kampf ervirgoen.
De Sott Kirsch ass an der Crypto-Zeen ënnert dem Numm Trading Lord bekannt an huet sech wärend de leschte Joren duerch seng Optrëtter op Plattforme wéi TikTok an Twitter en Numm gemaach.