
E Freiden ass et fir de lëtzebuergesche Spezialist am Shorttrack, de Peter Murphy, mat de Virronne vun der Weltmeeschterschaft a Südkorea lassgaangen.
Dës Saison ass de Peter Murphy iwwer 1.500 Meter zwar de Leschten a senger Serie ginn, dat war awer och déi séierst vun allen Serien. Hien konnt seng Beschtzäit (2:17:930) bal ëm 2 Sekonnen op elo 2:16.151 verbesseren.
Iwwer 500 Meter koum hien als Véiert-Placéierten a senger Serie no un seng aktuell Beschtzäit erun. Iwwer 1.000 Meter ass hien als 5. gestart a konnt sech do déi 4. Platz erkämpfen.
Iwwer 1.500 Meter hu sech déi éischt- an zweet-placéiert Leefer aus all Course an déi maximal dräi schnellsten Drëtt-Placéiert fir d’Halleffinalle qualifizéiert. Iwwer 500 Meter an 1.000 Meter sinn et déi éischt- an zweet-placéiert Leefer aus all Course an déi maximal aacht schnellsten Drëtt-Placéiert, déi sech fir d’Virleef qualifizéiert hunn.