Futtball: EM-QualifikatiounLëtzebuerger U21-Nationalekipp séchert sech géint Irland ee Punkt

RTL Lëtzebuerg
An der EM-Qualifikatioun gouf et een 1:1-Remis tëscht béide Formatiounen.
© Screenshot

D’U21-Futtballnationalekipp war en Dënschdeg den Owend an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft gefuerdert. An der 4. Partie goung et zu Diddeleng fir déi jonk Rout Léiwe géint Irland an do gouf et deen éischte Punkt an dëser Campagne. Béid Ekippen hu sech mat engem 1:1 getrennt.

No den éischte 45 Minutte stoung et tëscht Lëtzebuerg an Irland nach 0:0. D’Iren haten an der 33. Minutt een Eelefmeter verschoss. No der Paus waren et d’Gäscht, déi duerch de Whelan an der 70. Minutt mat 1:0 a Féierung gaange sinn. An der 84. Minutt konnt de Kuete vum Punkt fir d’Lëtzebuerger ausgläichen. Beim 1:1 sollt et bis zum Schluss bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO