
Nodeems d’Mia Bourscheid et en Donneschdeg zu Banská Bystrica an der Slowakei mat enger neier Beschtleeschtung vun 1,70 Meter an d’Finall gepackt huet, ass et e Freideg ëm eng Medail gaangen.
Do konnt déi jonk Lëtzebuergerin allerdéngs net un déi gutt Leeschtungen uknäppen. Mat engem Sprong vun 1,60 Meter ass d’Mia Bourscheid e Freiden op déi 13. Plaz gesprongen. Gewanne konnt iwwerdeems d’Kroatin Jana Koscak, dëst mat engem Sprong vun 1,84 Meter.