
An der Premier League steet Manchester City op der 1. Plaz vun der Tabell, well um Sonndeg Liverpool an Arsenal verluer hunn.
AC Mailand huet donieft an der Serie A just Remis gespillt.
SV Darmstadt - SC Freiburg 0:1
0:1 Doan (36')
Obwuel Darmstadt als Tabelleleschten net méi vill Chancen huet an der Bundesliga ze bleiwen, huet d’Heemekipp doheem eng engagéiert Leeschtung gewisen. Besonnesch an der 1. Hallschent huet d’Ekipp vum Torsten Lieberknecht sech déi eng oder aner Méiglechkeet erausgespillt. Freiburg ass awer net nervös ginn an ass an der 36. Minutt duerch den Doan a Féierung gaangen. Nom Téi ass net méi vill geschitt, soudass d’Gäscht sech iwwer 3 Punkten zu Darmstadt freeë kënnen.
Bayer Leverkusen - Werder Bremen 5:0
1:0 Boniface (25', Eelefmeter), 2:0 Xhaka (60'), 3:0 Wirtz (68'), 4:0 Wirtz (83'), 5:0 Wirtz (90')
Leverkusen hat d’Partie an den éischte 45 Minutten am Grëff a krut no knapp iwwer 20 Minutten en Eelefmeter zougesprach, nodeems de VAR agegraff hat. De Boniface huet d’Heemekipp vum Punkt 1:0 vir bruecht. Den Adli hätt kéinten erhéijen, säi Ball ass awer just op d’Lat gaangen. An der zweeter Hallschent huet Leverkusen dominéiert a konnt 4 weider Goler markéieren. Den Xhaka hat op 2:0 erhéicht, ier den agewiesselte Wirtz mat 3 Goler den Deckel op d’Partie gemaach huet a seng Ekipp zum Championstitel féiere konnt. Fir d’éischte Kéier zanter 2012 heescht de Champion an Däitschland net Bayern München mee dëst Joer also Bayer Leverkusen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Liverpool - Crystal Palace 0:1
0:1 Eze (14')
Liverpool huet sech vun Ufank u schwéier gedoen a louch no 14 Minutten 1:0 géint Crystal Palace hannen. An der Ofwier waren d’Reds ufälleg an de Mateta hätt kuerz drop de Virsprong kéinte verduebelen. Säi Schoss gouf awer op der Linn gerett. Liverpool ass dono besser an de Match komm, den Endo an de Luis Diaz hunn hier Chancen awer net genotzt. De Klopp huet an der Paus gewiesselt an d’Heemekipp huet sech gutt Geleeënheeten erausgespillt, d’Chancëverwäertung war awer ganz schwaach. D’Gäscht hunn op Konter hi probéiert, ze markéieren, sinn awer och um Alisson hänke bliwwen. Et sollt sech näischt méi um Score änneren. Duerch des Defaite ass Liverpool an der Tabell just nach op der 3. Plaz.
FC Arsenal - Aston Villa 0:2
0:1 Bailey (84'), 0:2 Watkins (87')
Genee wéi Liverpool huet och Arsenal um Sonndeg de Kierzere gezunn. No enger ausgeglachener éischter Hallschent ass Aston Villa am zweeten Duerchgang méi héich ugelaf. Arsenal hat domadder grouss Problemer an ass am Spill no vir ze passiv ginn. D’Gäscht hunn dovu profitéiert, fir an der Schlussphas vun der Partie zwee Goler ze markéieren. Arsenal huet op der zweeter Plaz 71 Punkten, genee wéi Liverpool op der 3. Plaz. Béid Veräiner hunn elo 2 Punkte Réckstand op Manchester City op der 1. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
SSC Neapel - Frosinone Calcio 2:2
1:0 Politano (16'), 1:1 Cheddira (50'), 2:1 Osimhen (63'), 2:2 Cheddira (73')
Neapel war an dëser Partie zwar déi besser Ekipp, huet dëst awer net wierklech konnten ausnotzen. Wärend ee fréi a Féierung konnt goen, war et Chance no 30 Minutten, well de Soule säin Eelefmeter net erageschoss huet. Frosinone koum du geféierlech aus der Paus an huet kuerz drop ausgeglach. No eppes méi wéi enger Stonn goung Neapel nees a Féierung, ma de Cheddira hat e super Dag erwëscht a konnt no 73 Minutten ausgläichen. 10 Minutte méi spéit hat Neapel dann eng weider Kéier Chance, well de Seck huet eng gutt Chance eleng géint de Golkipp leie gelooss.
Sassuolo Calcio - AC Mailand 3:3
1:0 Pinamonti (4'), 2:0 Laurienté (10'), 2:1 Leao (20'), 3:1 Laurienté (53'), 3:2 Jovic (59'), 3:3 Okafor (84')
Den AC Mailand huet beim Zweetleschten aus der Serie A just 3:3-Remis gespillt. D’Ufanksphas huet Sassuolo gehéiert an déi Gréng-Schwaarz waren no 10 Minutte schonn 2:0 vir. De Leao konnt zwar verkierzen, an der 53. Minutt huet de Laurienté awer op 3:1 fir d’Heemekipp gesat. Réischt dono ass de Favorit sou richteg erwächt an huet nach zweemol getraff. Sassuolo huet duerch de Punkt just nach ee Punkt Retard op eng Net-Ofstigsplaz. D’Gäscht bleiwen op der 2. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Le Havre - FC Nantes 0:1
0:1 Bamba (90'+3)
Am Kellerduell tëscht Le Havre an Nantes goung et ëm ganz vill. Béid Ekippen hate virun der Partie 29 Punkten an domadder just zwee Punkte Virsprong op d’Relegatioun an op eng direkt Ofstigsplaz. Nantes huet awer fir d’Punkte méi gemaach an hat wären de gréissten Deeler vun der Partie d’Iwwerhand. Bal hat et awer dono ausgesinn, wéi wa sech hir Ustrengungen net géifen auszebezuelen, bis de Bamba an der Nospillzäit den eenzege Gol fir dës Partie markéiere konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
UD Las Palmas - FC Sevilla 0:2
0:1 En-Nesyri (43'), 0:2 Lukebakio (90+3')