
En Donneschdeg waren d’Réckmatcher vun der siechzéngtels Finall an der Europa League. Hei gouf de Match tëscht Salzburg a Frankfurt wéinst dem schlechte Wieder op e Freideg verluecht. Schonn den 12. respektiv den 19. Mäerz geet et mat den Aachtelsfinalle weider, d’Auslousunge sinn dofir e Freideg.
Qualifizéiert sinn:
Glasgow Rangers, Wolverhampton Wanderers, FC Basel, Bayer Leverkusen, Istanbul Basaksehir, AS Roum, LASK Linz, VFL Wolfsburg, FC Getafe, Schachtar Donezk, FC Kopenhagen, FC Sevilla, Inter Mailand, Manchester United an Olympiakos Piräus.
2:1 konnt sech Leverkusen doheem géint Porto duerchsetzen. Eng gutt Ausgangspositioun, awer och net onméiglech, fir d’Ekipp aus Portugal. No 10 Minutten dunn ass d’Ausgangspositioun fir Leverkusen besser ginn, nodeem den Alario ze vill am Strofraum eleng gelooss gouf a quasi an eng 1 géint 1 Situatioun mam Golkipp koum. Mat dem Score ass et dann och an d’Paus gaangen.
Den Havertz, dee schonn den 1:0 virbereet huet hat an der 50. Minutt nees e gutt Aen an huet den Demirbay fonnt. Dëse schéint laanscht de Verdeedeger an de Golkipp a markéiert den 2:0. Den 3:0 koum dunn 8 Minutte méi spéit duerch den Havertz. Den Diaby koum net laanscht den Golkipp an enger Konter, krut de Ball awer nees virun d’Féiss. Hien hat dunn de Bléck fir den Havertz, dee matgelaf war a quasi eleng virum Gol stoung. An der 65. Minutt den Éieregol fir Porto. Den Otavio huet eng propper Flank erabruecht an de Marega konnt schéi mam Kapp ofschléissen.

2:0 konnt sech Getafe doheem géint den Halleffinalist vun der Champions League vum leschte Joer duerchsetzen. Fir Ajax huet also vill misste klappen, fir datt si eng Chance hunn, an der Europa League nach weider matdobäi ze sinn. Ma et huet schlecht fir d’Hollänner ugefaangen. Schonn no 5 Minutten huet de Mata e schéine Gol markéiert. Aworf a Flank vu lénks, eng kleng Pirouette mat Ball a scho stoung den Offensivspiller eleng virum Golkipp: 1:0. 5 Minutte méi spéit d’Äntwert. De Van de Beek setzt sech gutt duerch an hat quasi op der Grondlinn de Bléck fir de Pereira da Silva um laange Potto, dësen huet de Ball na just an den eidele Gol missten drécken. An der éischter Hallschent si weider keng Goler gefall, esou datt et mat engem 1:1 an d’Paus gaangen ass.
No der 63. Minutt ass d’Hoffnung fir Ajax dann nach eng Kéier Opkomm, nodeem den Oiveira e Selbstgol geschoss huet. Bei engem Fräistouss konnt hien e Kappballduell gewannen, ma huet domadder sengem Golkipp keng Chance gelooss. Ajax hätt zu deem Ament nach 2 Goler gebraucht, huet dës awer net méi fäerdeg bruecht.

1:0 hat d’Ekipp aus London am Allersmatch zu Piräus gewonnen. Doheem sollt ee mat esou engem Resultat am Réck da weider kënne kommen. Ma Piräus huet et de Londoner schwéier gemaach an an der 53. Minutt huet de Cisse de Réckstand aus dem Allersmatch egaliséiert. E Korner vum Valbuena koum an d’Mëtt vum 16 Meter an hei hat sech de Cisse dovugeschlach a koum ouni Géigespiller fräi zum Kappball. Arsenal sollt kee Gol méi geléngen, esou datt dëse Match an d’Verlängerung huet misste goen.
113 Minutten huet et gedauert, bis datt sech d’Ausgangspositioun vun Arsenal nees verbessert huet. De Martinelli konnt eng Flank vu riets weider verlängeren an den Aubameyang ass volle Risiko gaangen an huet de Ball an engem Fallrückzieher geholl an esou den 1:1 markéiert. D’Freed war awer net vu laanger Dauer. An der 119. Minutt markéiert den El Arabi fir Piräus an eliminéiert esou den FC Arsenal London aus dem internationale Geschäft. Et war eng Flank, déi aus dem Halleffeld an d’Mëtt koum an den El Arabi huet méi séier, wéi d’Verdeedeger vun Arsenal reagéiert an taucht eleng virum Gol op.