
Ganzer 48 Ekippe waren dësen Donneschdeg am Asaz. Si alleguerten hunn d’Zil, an d’KO-Phas vun der Europa League ze kommen.
Bayer Leverkusen - OGC Nice 6:2
1:0 Amiri (11'), 2:0 Alario (16'), 2:1 Gouiri (31'), 3:1 Diaby (61'), 4:1 Bellarabi (79'), 5:1 Bellarabi (83'), 6:1 Wirtz (87'), 6:2 Maurice (90')
Leverkusen wollt onbedéngt déi 3 Punkten an huet dat vun Ufank u kloer gemaach. Schonn no 16 Minutte stoung et 2:0, dat no Goler vum Amiri, deen eng gutt Pass an d’Déift vum Bailey notze konnt, an dem Alario, dee aus engem spatze Wénkel dem Golkipp wéineg Chance gelooss huet. Ma no eppes méi wéi enger hallwer Stonn konnt de Gouiri den Uschlossgol schéissen, no enger Virlag vum Nsoki. No eppes méi wéi enger Stonn huet den Diaby erhéicht, dat nodeem de Golkipp an e Verdeedeger sech net eens waren an de Palacios hie fräispille konnt. Aus ronn 18 Meter huet no 79 Minutten de Bellarabi dunn nach op 4:1 erhéicht a kuerz drop de 5:1 och aus der Distanz markéiert. De 6:1 huet de Wirtz iwwer Konter geschoss. E bësse Kosmetik gouf et nach an der 90. Minutt, wéi de Maurice no engem gudde Spillzuch nach op 2:6 verkierze konnt.
Standard Léck - Glasgow Rangers 0:2
0:1 Tavernier (19',p), 0:2 Roofe (90'+3)
De Veräin vum Laurent Jans, deen am Ufank vum Match op der Bänk souz, hat d’Glasgow Rangers op Besuch. No engem Corner an der 19. Minutt spréngt de Kappball engem Defenseur vu Léck wittert den Aarm an den Arbitter huet op Eelefmeter decidéiert. De Tavernier huet sech der Situatioun ugeholl an d’Gäscht a Féierung bruecht. Den nächste Gol sollt eréischt an der 93. Minutt falen. Léck hat alles no Vir gehäit, fir den Ausgläich ze markéieren an de Roofe konnt dovunner notzen zéien an huet e Gol aus der Distanz markéiert, dat och, well de Keeper wäit viru sengem Gol stoung. De Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans gouf an der 78. Minutt agewiesselt.
Young Boys Bern - AS Roum 1:2
1:0 Nsamé (14',p), 1:1 Peres (69'), 1:2 Kumbulla (74')
Et hat gutt ugefaange fir dem Lëtzebuerger Christopher Martins, deen aktuell blesséiert ass, seng Ekipp aus Bern. No 14 Minutten hat den Arbitter op de Punkt gewisen, dat no engem Foul am Siechzéngmeter. Den Nsamé huet sech et net huele gelooss a seng Ekipp aus 11 Meter a Féierung bruecht. Dobäi sollt et bis an der Paus och bleiwen. No 69 Minutten dunn den Ausgläich. Den Dzeko hat e gutt A fir de Peres, deen an d’Déift ënnerwee war an dësen hat mam Golkipp am eent géint eent keng Problemer. 5 Minutte méi spéit huet de Kumbulla de Match du fir Roum gedréint, dat no Virlag vum Mkhitaryan.
Celtic Glasgow - AC Mailand 1:3
0:1 Krunic (14'), 0:2 Diaz (42'), 1:2 Elyounoussi (76'), 1:3 Hauge (90'+2)
Schonn no 14 Minutte konnten d’Italiener a Féierung goen. De Castillejo huet sech iwwer riets duerchgesat an eng gutt Flank an d’Mëtt bruecht, déi de Krunic mam Kapp erageschoss huet. Kuerz virun der Paus dunn den 2:0 fir den AC. Dëst d’Kéier eng Pass iwwer lénks an den Diaz léist 2 Verteideger an dono de Golkipp stoen. Et sollt awer net esou einfach fir Mailand ginn, well an der 76. Minutt huet den Elyounoussi e Korner vum Christie konnten notzen, fir mam Kapp op 1:2 ze verkierzen. An der Nospillzäit huet den Hauge dunn awer alles kloer gemaach. Bei der Pass vum Saelemakers stoung hie quasi eleng a konnt sech dono géint een Defenseur an de Golkipp duerchsetzen.
Sparta Prag - OSCL Lille 1:4
0:1 Yazici (45'+1), 1:1 Dockal (47'), 1:2 Vazici (60'), 1:3 Ikone (66'), 1:4 Yazici (75')
Et sollt e schwéiere Match fir Prag ginn, déi no 23 Minutten an Ënnerzuel waren. De Krejci konnt eng Pass an d’Déift nach just ofwieren, andeem hien de Stiermer ugehalen huet. Well hien awer de leschte Mann war, huet den Arbitter hie vum Terrain gesat. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent huet de Veräi vum Gérard Lopez dunn d’Iwwerzuel ausgenotzt an de Yazici huet aus der Distanz markéiert. Ma Prag huet sech net opginn. An der 47. Minutt huet den Hlozek den Iwwerbléck gehalen an de Ball op de besser placéierte Dockal gespillt, deen eleng virum Gol markéiere konnt. Et war no enger Stonn nees de Yazici, dee fir Lille getraff huet. Eng Flank vu lénks konnt hie mam Kapp an de Gol ëmwandelen. 6 Minutte méi spéit eng Pass an d’Déift vum Soumare déi den Ikone konnt erlafen an op 3:1 erhéijen. Et war den Dag vum Yazici. Well an der 75. Minutt konnt hie e weidere Gol op markéieren, dat aus ongeféier 16 Meter.