Europa-League-AuslousungLeverkusen kritt et mat Porto ze dinn, Bruges géint ManUtd

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg war zu Nyon dann och nach d'Auslousung vun der 16tels-Finallen an der Europa League.
© AFP

Hei ware jo och déi jeeweils zwee éischt aus all Grupp weiderkomm. Dobäi koum dann nach den 3. aus all Champions-League-Grupp. Deemno hu sech iwwer d’Europa-League-Gruppephas sech 24 Ekippe qualifizéiert an 8 weider Ekippe koumen aus der Champions League erof.

Den Tirage am Iwwerbléck

Wolverhampton Wanderers - Espanyol Barcelona

Sporting Lissabon - Istanbul Basaksehir

FC Getafe - Ajax Amsterdam

Bayer Leverkusen - FC Porto

FC Kopenhagen - Celtic Glasgow

APOEL Nikosia - FC Basel

CFR Cluj - FC Sevilla

Olympiacos Piräus - FC Arsenal

AZ Alkmaar - LASK

Club Bruges - Manchester United

Ludogorets - Inter Mailand

Eintracht Frankfurt - FC Salzburg

Shakhtar Donezk - Benfica Lissabon

VFL Wolfsburg - Malmö FF

AS Roum - KAA Gent

Glasgow Rangers - SC Braga

D’Ronn vun de leschten 32 gëtt am Februar gespillt. D’Allersmatcher ginn donneschdes, den 20. Februar gespillt an d’Retourmatcher de 27. Februar. D’Aachtelsfinalle ginn dann den 28. Februar och zu Nyon ausgeloust.

Back to Top
CIM LOGO