Championnat zu 16LFL acceptéiert Decisioune vun der FLF

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de President vun der Lëtzebuerger Futtball Liga gesot, mengt awer, dass villäicht vun anere Säite Kriticke kéinte kommen.

D’LFL, d’Lëtzebuerger Futtball Liga, huet sech Gedanke gemaach, ob d’Decisiounen, déi d’Futtballfederatioun geholl huet, fir d’Championnat ze wäerten an déi nächste Saison ze organiséieren, net zu verschiddene Protester vu Veräiner kéint kommen.
De President vun der LFL, Pascal Wagner betount awer, dass si prinzipiell mat den Decisioune vun der FLF kënne liewen.

Mir wëlle just mat deem Schreiwes nofroen, ob dat problematesch ass oder net. Mir hunn hei vun engem Email geschwat an net vun engem Bréif. Also ass dat eng gewëssen Zesummenaarbecht mat der FLF. Et ass net, fir elo ze soen, d’LFL géif dat net acceptéieren. Wie kann net acceptéieren, dass keng Ekipp fält, dass kee Barrage spillt? Et ass net jiddweree frou, dass mir zu 16 spillen. Mee dat ass net déi Allerwichtegst Saach.

RTL-News: Lëtzebuerger Futtball Liga - BGL Ligue mat 16 Ekippe steet op wackelege BeenEng mëndlech Äntwert krut d’LFL schonns vun der Futtballdederatioun. Elo soll nach eng schrëftlech nokommen.

Back to Top
CIM LOGO