
D’Lëtzebuerger Futtball Liga huet an engem Schreiwes der Lëtzebuerger Futtballfederatioun matgedeelt, datt hir Decisioun, fir an der neier Saison mat 16 Ekippen an der BGL Ligue ze spillen, op wackelege Bee steet.
De Statuten no misst eng Ännerung vun den Divisiounen op engem ausseruerdentleche Kongress gestëmmt ginn, sou d’LFL.
An dësem Fall kéint et zu enger Well vu Protester vu Veräiner géint d’Decisioun vun der FLF kommen, heescht et am Schreiwes, dat vum President Pascal Wagner ënnerschriwwen ass.
