Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLille blaméiert sech géint Épinal

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp vum President Gérard Lopez huet an den Aachtelsfinalle vun der Coupe de France mat 1:2 de Kierzere gezunn.
© AFP

SAS Épinal - OSC Lille 2:1

0:1 Remy (8'), 1:1 Krasso (56'), 2:1 (Krasso 62')

Am Match tëscht Épinal a Lille hat den éischte Gol net laang op sech waarde gelooss. An der 8 Minutt ass dem Gérard Lopez seng Ekipp mat 1:0 a Féierung gaangen. An der zweeter Hallschecht hunn d’Géigner, déi an der Nationale 2 spillen, awer Gas ginn. Et war de Krasso, deen an der 56. a 62. Minutt e Gol geschoss huet.
No der Eliminatioun vu Lille an der Aachtelsfinall vun der franséischer Coupe géint Épinal aus der Nationale 2, der just 4. héchster Divisioun a Frankräich, ass de President vum LOSC Gérard Lopez am Interview bei der franséischer Sportzeitung l‘Equipe guer net frou. De Lëtzebuerger Geschäftsmann stellt sech awer hannert säin Trainer Christophe Galtier, an appelléiert un d‘Responsabilitéit vu senge Spiller. An der Ligue 1 steet d‘Champions-League-Ekipp vun dëser Saison och just op der 7. Plaz.

Dynamo Dresden - Karlsruher SC 1:0

1:0 Hoffmann (43')

E Mëttwoch den Owend war an der 2. Bundesliga an Däitschland ee Lëtzebuerger am Asaz. Den Dirk Carlson stoung beim Karlsruher SC an der Startformatioun. Auswäerts hu si sech mat Dynamo Dresden gemooss. Fir den 1:0 hat den Hoffmann an der 43. Minutt gesuergt. Dat war och den Endstand.

Back to Top
CIM LOGO