No StartschwieregkeetenLille: Et leeft ronn bei der Ekipp vum Gérard Lopez

RTL Lëtzebuerg
Roum gouf net an engem Dag gebaut. En Zitat, wat lescht Joer zum LOSC Lille gepasst huet.
Lille: Et leeft ronn bei der Ekipp vum Gérard Lopez
Roum gouf net an engem Dag gebaut. En Zitat, wat lescht Joer zum LOSC Lille gepasst huet.

D’Ekipp vum Geschäftsmann Gérard Lopez stoung kuerz virum Ofstig an d’Ligue 2. No 38 Spilldeeg genau déi selwecht Unzuel u Punkten um Konto an nëmme knapp de Maintien realiséieren - een Zeenario, wat kee sech nom Engagement vum Lëtzebuerger virgestallt huet. Deemno gouf et vill Kritik, well net nëmme sportlech, mee och finanziell net alles esou gelaf ass, wéi geduecht.

Fir esou eng Situatioun an der aktueller Saison ze vermeiden, huet Lille ënnert anerem de Christophe Galtier als Trainer engagéiert, deen tëschent 1987 an 1990 den Trikot vum Veräin unhat. Donieft huet de Club um Transfertmaart zougeschloen. Vill Saachen am Club hu sech par Rapport zu der leschter Saison verännert.

Um 32. Spilldag hu si och bewisen, dass si mëttlerweil mat deene Grousse mathale kënnen. Am Heemmatch huet Lille den aktuelle franséische Champion Paris Saint-Germain mat 5:1 iwwerrannt.

Momentan steet Lille an der franséischer Liga op der zweeter Tabelleplaz, wat géif bedeiten, dass si fir d’Champions League qualifizéiert wieren. De Verfolger ass Lyon, déi eng Plaz hannert Lille leien. Ob et klappt, muss een ofwaarden, mee eng europäesch Plaz soll ënnert dem Stréch awer eraussprangen.

No Stress gesäit et bei Lille och net aus, déi wéi et schéngt eng gutt Ambiance an der Ekipp hunn.

Back to Top
CIM LOGO