Internationale FuttballLille setzt mat Victoire de PSG ënner Drock

RTL Lëtzebuerg
Mat 3:0 huet Lille e Freideg den Owend an der Lige 1 zu Lens gewonnen. An der Bundesliga huet Stuttgart Augsburg geklappt.
© AFP (Archiv)

E Freideg den Owend ass ënnert anerem an der däitscher Bundesliga, an der englescher Premier League an an der Ligue 1 de Ball gerullt.

Bundesliga

VfB Stuttgart - FC Augsburg 2:1
1:0 Förster (11'). 1:1 Niederlechner (59'), 2:1 Kalajdzic (74')

Den FC Augsburg muss och ënnert dem Retour vum Markus Weinzierl weider ëm de Maintien an der Futtball-Bundesliga zidderen. Den FCA huet beim Comeback vu sengem fréieren Erfollegstrainer beim VfB Stuttgart mat 1:2 de Kierzere gezunn.

De Förster (11') an de Kalajdzic (74') mat sengem 15. Gol an dëser Saison hunn dem Opsteiger Stuttgart no véier Néierlagen noeneen emol nees dräi Punkte geséchert. Den Niederlechner (59') hat Augsburg mam tëschenzäitlechen Ausgläich op ee Punkt hoffe gelooss. Datt et dozou net koum, louch och um Golkipp Bredlow.

Duerch dës Néierlag ass Augsburg weider mattendran am Ofstigskampf. Als nächst waart op den FCA de Match géint den direkte Konkurrent Werder Bremen an da muss een nach auswäerts géint Bayern München untrieden.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Leicester City - Newcastle United 2:4
0:1 Willock (22'), 0:2 Dummett (34'), 0:3 Wilson (65'), 0:4 Wilson (74'), 1:4 Albrighton (80'), 2:4 Iheanacho (87')

Kee gudden Dag hat e Freideg den Owend Leicester City erwëscht. Den Tabellendrëtten aus der Ligue huet mat 2:4 géint Newcastle verluer. No Goler vu Willock (22'), Dummett (34') a Wilson (64' an 73') louch een eng Véierelsstonn viru Schluss mat 0:4 hannen. Den Albrighton an den Iheanacho konnten de Score nach op 2:4 verbesseren, ma un der Defaite sollt sech näischt méi änneren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

RC Lens - OSC Lille 0:3
0:1 Yilmaz (4'), 0:2 Yilmaz (40'), 0:3 David (60')

Um 36. Spilldag huet Lille e Freideg den Owend auswäerts mat 3:0 géint Lens gewonnen. Mat dëser Victoire baut Lille de Virsprong an der provisorescher Tabell op de Verfolger PSG op véier Punkten aus.

Schonn an der véierter Minutt waren d’Gäscht duerch e Gol vum Yilmaz mat 1:0 a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus konnt Lille, déi vun der 35. Minutt un an Iwwerzuel waren, duerch e weidere Gol vum Tierk op 2:0 erhéijen. Fir d'3:0-Schlussresultat huet den David an der 60. Minutt gesuergt.

De PSG spillt eréischt e Sonndeg auswäerts géint Rennes. An der Ligue 1 bleiwen no dësem Weekend nach zwee Spilldeeg ze spillen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO