
An der Bundesliga huet e Sonndeg Leipzig géint Stuttgart gewonnen. A Gladbach huet Bielefeld iwwerrannt.
An der Premier League ass Manchester United bei Leeds net iwwert een 0:0-Remis erauskomm. Iwwerdeems huet ManCity de League Cup gewonnen.
An der Ligue 1 steet Lille no der Victoire zu Lyon nees un der Tabellespëtzt. Monaco huet sech och dräi Punkte geséchert a bleift uewe mat drun.
An der La Liga ass Barcelona duerch d’Victoire bei Villareal mat Real gläichgezunn. Leader ass weiderhin Atlético Madrid, ma dat just nach mat engem Virsprong vun 2 Punkten op Real a Barca, well ee géint Athletic Bilbao de Kierzere gezunn huet.
An an der Serie A huet d’Juve beim AC Florenz Punkte leie gelooss an Inter Mailand huet géint Hellas Verona gewonnen.
De Weekend waren och nees eng Partie Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz. De Gerson Rodrigues huet mat Dynamo Kiew de Championstitel gewonnen.
RB Leipzig - VfB Stuttgart 2:0
1:0 Haidara (46'), 2:0 Forsberg (67', Eelefmeter)
An den éischte Minutte war d’Partie tëscht Leipzig a Stuttgart nach ganz oppen, ma dat huet sech no der Rouder Kaart vum Ahamada geännert. De VfB huet duerno hannen zougemaach an huet sech drop konzentréiert, fir d’Null ze halen. Leipzig huet dogéint probéiert, fir de Match an d’Hand ze huelen a konnt sech och e puer Chancen an den éischte 45 Minutten erausspillen. Um Enn hu se awer keng dovunner genotzt, sou datt et mam 0:0 an d’Paus gaangen ass.
An der zweeter Hallschent huet Leipzig dunn awer den Ënnerscheed gemaach. Sekonnen nodeems den Arbitter d’Partie nees ugepaff hat, ass d’Lokalekipp duerch den Haidara mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 67. Minutt huet de Forsberg per Eelefmeter op 2:0 erhéicht. Bis zum Schluss huet d’Ekipp vum Nagelsmann den Toun uginn an huet Stuttgart keng Chance gelooss, fir zeréck an de Match ze kommen. Um Enn ass et eng verdéngte Victoire fir Leizpig. An der Tabell verkierzt een domadder de Retard op de Leader Bayern op 7 Punkten. Dem FCB wäert de Championstitel wuel awer net méi ze huele sinn.
Borussia Mönchengladbach - Arminia Bielefeld 5:0
1:0 Embolo (6'), 2:0 Thuram (15'), 3:0 Bensebaini (18'), 4:0 Embolo (69'), 5:0 Pléa (84')
Keng Chance gelooss huet e Sonndeg Borussia Mönchengladbach Bielefeld. Schonn an den éischte 45 Minutten huet d’Lokalekipp fir eng Virentscheedung gesuergt. No 20 Minutte stoung et nämlech schonn 3:0, dat no Goler vun Embolo (6'), Thuram (15') a Bensebaini (18').
No der Paus huet d’Gladbach weider den Toun uginn a konnt duerch Goler vun Embolo (69') a Pléa (84') um Enn eng souverän 5:0-Victoire feieren. Duerch dës Victoire behält Gladbach weider d’Chance op eng méiglech Qualifikatioun fir d’Europa League. Bielefeld bleift ënnen an der Tabell an huet ee Punkt Virsprong op Köln op der Relegatiounsplaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Leeds United - Manchester United 0:0
Nom klore 6:2 fir Manchester United an der Hironn wollt een och auswäerts géint Leeds eng Victoire feieren. D’Lokalekipp huet et ManUnited awer net einfach gemaach. D’Gäscht haten an den éischte 45 Minutte méi Zuch zum Gol, ma Leeds stoung kompakt an huet net wierklech vill zougelooss. Béid Ekippen hunn net genuch Risiko geholl, sou datt et mat 0:0 an d’Paus gaangen ass.
Och an der zweeter Hallschent konnt keng Ekipp den Ënnerscheed maachen. Bannent den 90 Minutten ass kee Gol gefall, sou datt sech Leeds a Manchester United mat engem 0:0 trennen. No 33 Spilldeeg läit ManUnited 10 Punkten hannert ManCity op der 2. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Manchester City - Tottenham Hotspur 1:0
1:0 Laporte (82')
An England gouf e Sonndeg dann och d’Finall vum League Cup gespillt. Manchester City huet sech duerch e Gol vum Laporte an der 82. Minutt mat 1:0 géint Tottenham behaapt. Och wann et um Enn e knappt Resultat ass, esou war de Leader an der Premier League awer déi dominant Ekipp. Fir d’Eelef vum Guardiola ass et déi véiert Victoire noneen an dëser Competitioun.
SCO Angers - AS Monaco 0:1
0:1 Ben Yedder (79')
Am franséische Championnat bleift et weider ganz spannend. Um 34. Spilldag huet sech den AS Monaco dräi wichteg Punkten zu Angers geséchert a bleift domadder vir mat drun. Den decisive Gol huet de Ben Yedder an der 79. Minutt geschoss.
Olympique Lyon - OSC Lille 3:2
1:0 Slimani (20'), 2:0 Fonte (34', Selbstgol), 2:1 Yilmaz (45+1), 2:2 David (60'), 2:3 Yilmaz (87')
Et war e Sonndeg den Owend eng spannend Spëtzepartie tëscht Lyon a Lille. D’Lokalekipp war an der 20. Minutt duerch de Slimani mat 1:0 a Féierung gaangen. No 34 Minutten huet de Fonte duerch e Selbstgol d’Féierung fir Lyon op 2:0 an d’Luucht geschrauft. Sekonne virun der Paus konnt de Yilmaz op 1:2 verkierzen.
An den zweete 45 Minutte konnt Lille de Match nach dréinen. An der 60. Minutt huet den David op 2:2 gesat an du war et e weidere Gol vum Yilmaz, dee fir d’Decisioun gesuergt huet. Duerch d'3:2-Victoire steet Lille nees un der Spëtzt vun der Ligue 1. Dat ee Punkt virum PSG an zwee viru Monaco. Lyon huet als Véierte sechs Punkte Retard.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
AC Florenz - Juventus Turin 1:1
1:0 Vlahovic (29', Eelefmeter), 1:1 Morata (46')
Juventus Turin ass beim AC Florenz net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. Nodeems d’Lokalekipp an der 29. Minutt duerch een Eelefmeter a Féierung gaange war, huet d’Juve kuerz no der Paus duerch de Morata ausgeglach. E weidere Gol ass net gefall. An der Tabell steet d’Juve Punktgläich mam AC Mailand op der zweeter Plaz.
Inter Mailand - Hellas Verona 1:0
1:0 Darmian (76')
Ee Gol ass Inter Mailand e Sonndeg um 33. Spilldag an der Serie A duergaangen fir sech géint Hellas Verona ze behaapten. Domadder mécht Inter e weidere Schrëtt a Richtung Championstitel. Un der Spëtzt huet ee fënnef Spilldeeg viru Schluss eng Avance vun 13 Punkten op den AC Mailand. Den AC huet awer ee Match manner.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Villarreal - FC Barcelona 1:2
1:0 Samu Chukwueze (26'), 1:1 Griezmann (28'), 1:1 Griezmann (35')
Den FC Barcelona huet vum 0:0-Remis tëscht Real Madrid a Betis Sevilla profitéiert. Barca huet sech nämlech e Sonndeg bei Villarreal déi dräi Punkte geséchert an ass domadder mam Tabellenzweete Real gläichgezunn. Barca huet nach ee Match manner um Kont.
Athletic Bilbao - Atlético Madrid 2:1
1:0 Berenguer (8'), 1:1 Savic (77'), 2:1 Martinez (86')
Atlético Madrid huet e Sonndeg den Owend wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel leie gelooss. Bei Athletic Bilbao huet de Leader mat 1:2 verluer. Domadder huet Atlético un der Spëtzt nëmmen nach eng Avance vun 2 Punkten op Real a Barcelona.