Europa LeagueLille wënnt 3:0 beim AC Mailand, Laurent Jans mat Defaite zu Posen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems wënnt Leverkusen géint Beer Sheva, d'Rangers deele sech mat Benfica d'Punkten a Leicester léisst Braga keng Chance

En Donneschdeg ass an der Europa League den 3. Spilldag ausgedroe ginn.

Young Boys Bern - ZSKA Sofia 3:0
1:0 Mambimbi (2'), 2:0 Sulejmani (18'), 3:0 Mambimbi (31')

Déi éischt Hallschent huet ganz kloer der Ekipp vu Bern gehéiert, bei där de Christopher Martins op Grond vu senger Verletzung net am Kader war. An der 2. Minutt konnt den Mambimbi d’Young Boys a Féierung bréngen, gutt 15 Minutte méi spéit war et de Sulejmani, deem den 2:0 gelongen ass. Sofia hat immens Problemer an der Defense a sou huet den Mambimbi no enger hallwer Stonn eng zweete kéier zougeschloen. Mat engem verdéngten 3:0 fir d’Lokalekipp ass et no 45 Minutten an d’Paus gaangen.

An den éischte Minutte vum zweeten Duerchgang ass Sofia zu der eng oder anerer Chance komm, ouni awer sou richteg de Virsprong vu Bern a Gefor ze bréngen. D’Haushären hu mat der Zäit nees d’Kontroll iwwerholl a sou steet zum Schluss déi éischt Victoire an dëser Europa-League-Kampagne.

Lech Posen - Standard Léck 3:1

1:0 Skoras (14'), 2:0 Ishak (22'), 2:1 Lestienne (29'), 3:1 Ishak (48')

De Standard, dee mam Laurent Jans an de Match gaangen ass, huet zu Posen kee gudde Start erwëscht. No 14 Minutten huet e laange Ball de Wee bei de Skoras fonnt, deen um zweete Potto mat engem Kappball den éischte Gol vum Match schéisse konnt. Net mol 10 Minutte méi spéit war et dann den Ishak, deen op 2:0 fir d’Haushären erhéicht huet. Mat der Zäit huet sech d’Ekipp vu Léck awer gefaange krut a sou ass den Tempo ëmmer méi erhéicht ginn. No 29 Minutte war et den Dussenne, deen et aus der Distanz probéiert huet. De Ball ass dobäi vum Potto op de Réck vum Golkipp gesprongen an de Lestienne war séier op der Plaz fir de Ball just nach hannert d’Linn ze drécken.

Déi éischt Minutte vun der zweeter Hallschent hunn dann awer nees der Lokalekipp gehéiert. 3 Minutten no der Reprise konnt den Ishak d’Féierung nees mat sengem zweete Gol vergréisseren. Et war net sou dass Lech Posen de Match dominéiert huet, ma dem Standard huet et am offensive Beräich un der néideger Konsequenz gefeelt. Um Enn steet eng 1:3-Defaite fir de Laurent Jans mam Standard vu Léck.

AC Mailand - Lille 0:3
0:1 Yazici (21'), 0:2 Yazici (55'), 0:3 Yazici (58')

No enger ausgeglachener Ufanksphas huet den Arbitter op Grond vun engem Feeler vum Romagnoli an der 19. Minutt op de Punkt gewisen. De Yazici ass ugelaf a konnt Lille domat a Féierung bréngen. D’Lokalekipp huet sech engagéiert gewisen a wollt den Ausgläich erzwéngen, wat awer net sou richteg geklappt huet.

No der Paus wollt de Yazici et dann net nëmme bei engem Gol beloossen. Duerch zwee Goler bannent dräi Minutten huet den tierkesche Stiermer den Dräierpack perfekt gemaach an domat de Match fir Lille sou gutt wéi entscheet. Siichtlech ugeschloen ass et dem AC bis zum Schluss net méi gelongen nach eng Äntwert ze weisen a sou wënnt de Gaascht zum Schluss kloer mat 3:0 zu Mailand.

Benfica - Rangers 3:3
1:0 Goldson (1'), 1:1 Diogo Goncalves (24'), 1:2 Kamara (25'), 1:3 Morelos (51'), 2:3 Rafa (77'), 3:3 Darwin (90+1')

No enger strammer Flank an de Strofraum war de Goldson zwar op der richteger Plaz, ma beim Versuch de Ball virum Stiermer ze verhënneren huet hien den eegene Gol getraff. Domat ass Benfica schonn no 60 Sekonnen a Féierung gaangen. D’Lokalekipp huet awer schonn immens fréi missen an Ënnerzuel spillen, wéi den Otamendi no enger Noutbrems an der 19. Minutt déi Rout Kaart gesinn huet. Mat engem Mann méi sinn de Rangers da kuerz drop zwee Goler an zwou Minutte gelongen. Duerch e Selbstgol vum Diogo Goncalves an e Gol vum Kamara konnt Glasgow de Spillstand dréinen an domat de Match u sech rappen.

Kuerz no der Paus hunn d’Rangers weider Gas ginn a mam Gol zum 3:1 d’Féierung weider ausgebaut. Vu Benfica ass laang ze wéineg komm, wat warscheinlech och un der Ënnerzuel loung. Trotzdeem ass hinne ronn 15 Minutte viru Schluss dann nach den Uschlossgol gelongen. An enger spannender Schlussphas huet Benfica elo op de Remis gedréckt, wat um Enn och belount ginn ass. An der Nospillzäit war et den ageiwesselten Darwin, dee mat sengem Gol nach de Punkt fir d’Lokalekipp séchere konnt.

Rasgrad - Tottenham 1:3
0:1 Kane (13'), 0:2 Lucas Moura (32'), 1:2 Keseru (50'), 1:3 Lo Celso (62')

Tottenham huet seng Favoriteroll vun Ufank um Terrain gewisen a sou huet et net laang gedauert, bis de Kane d’Spurs mat 1:0 a Féierung brénge konnt. D’Haushären haten et schwéier fir an de Match ze fanne well Tottenham sech immens engagéiert gewisen huet. An der 32. Minutt konnt de Lucas no Viraarbecht vum Kane dann op 2:0 setzen a sou ass den éischten Duerchgang mat enger verdéngter Féierung fir d’Ekipp vu London op en Enn gaangen.

Nom Säitewiessel ass Rasgrad da gutt gestart a sou ass et dem Keseru gelongen op 1:2 verkierzen an de Match domat nees spannend ze maachen. Tottenham konnt sech awer am Match halen a sou huet de Lo Celso gutt 10 Minutten drop nees de Virsprong vun 2 Goler hirgestallt. Um Enn wannen d’Spurs verdéngt mat 3:1 zu Rasgrad.

Hoffenheim - Liberec 5:0
1:0 Dabbur (22'), 2:0 Dabbur (29'), 3:0 Grillitsch (59'), 4:0 Adamyan (71'), Adamyan (76')

Arsenal - Molde 4:1
0:1 Ellingsen (22'), 1:1 Haugen (45+1'), 2:1 Sinyan (62'), 3:1 Pepé (69'), 4:1 Willock (88')

Belgrad - Gent 2:1
1:0 Kanga (12'), 1:1 Odjidja-Ofoe (31'), 2:1 Katai (59')

Leicester - Braga 4:0
1:0 Iheanacho (20'), 2:0 Iheanacho (47'), 3:0 Praet (67'), 4:0 Maddison (78')

Luhansk - AEK Athen 1:4
0:1 Tankovic (6'), 0:2 Mantalos (34'), 0:3 Livaja (54'), 1:3 Kochergin (81'), 1:4 Livaja (81')

Celtic - Sp. Prag 1:4
0:1 Julis (26'), 0:2 Julis (45'), 1:2 Griffiths (65'), 1:3 Julis (76'), 1:4 Krejci (90')

Royal Antwerp - LASK 0:1
0:1 Eggestein (54')

Zagreb - Wolfsberg 1:0
1:0 Atiemwen (76')

Feyenoord - ZSKA Moskau 3:1
1:0 Haps (63'), 2:0 Kökcü (71'), 3:0 Geertruida (72'), 3:1 Senesi (79')

AS Roum - Cluj 5:0

1:0 Mkhitaryan (1'), 2:0 Roger Ibanez (24'), 3:0 Mayoral (34'), 4:0 Mayoral (84'), 5:0 Pedro (89')

Rapid Wien - Dundalk 4:3
0:1 Hoban (7'), 1:1 Ljubicic (22'), 2:1 Arase (79'), 2:2 McMilan (81'), 3:2 Hofmann (87'), 4:2 Demkir (90'), 4:3 McMilan (90+6')

Sl. Prag - Nice 3:2
1:0 Kuchta (16'), 1:1 Gouiri (33'), 2:1 Sima (43'), 3:1 Kuchta (71'), 3:2 Ndoye (90+2')

H. Beer Sheva - Leverkusen 2:4
0:1 Bailey (5'), 1:1 Acolatse (11'), 2:1 Acolatse (25'), 2:2 Dadia (39'), 2:3 Bailey (75'), 2:4 Wirtz (88')

PAOK - PSV 4:1
0:1 Zahavi (20'), 1:1 Schwab (47'), 2:1 Zivkovic (55'), 3:1 Tzolis (58'), 4:1 Zivkovic (66')

Omonia - Granada 0:2
0:1 Herrera (4'), 0:2 Suarez (63')

San Sebastian - AZ Alkmaar 1:0
1:0 Portu (58')

Rijeka - Neapel 1:2
1:0 Muric (13'), 1:1 Demme (43'), 1:2 Braut (62')

Sivas - Qarabag 2:0
1:0 Osmanpasa (10'), 2:0 Kayode (88')

Villareal - M. Tel Aviv 4:0
1:0 Bacca (4'), 2:0 Bacca (52'), 3:0 Alex Baena (71'), 4:0 Fer Nino (81')

De Match tëscht Villareal a Maccabi Tel Aviv huet op Grond vu staarkem Reen misse 70 Minutte méi spéit wéi geplangt ugepaff ginn.

Back to Top
CIM LOGO