NFLLinebacker vu Rams tackelt Flitzer, dëse wëll elo Plainte maachen

RTL Lëtzebuerg
De Bobby Wagner vun den LA Rams huet op e Flitzer, dee mat Pyrotechnik iwwert den Terrain gelaf ass, reagéiert an hien op de Buedem bruecht.

Wärend dem Match tëscht de Los Angeles Rams an de San Francisco 49ers war e Fan ekipéiert mat Pyrotechnik op den Terrain gelaf. Hie war méi séier, wéi d’Leit vun der Securitéit, koum awer net laanscht de Bobby Wagner an de Takk McKinley. Déi zwee Verdeedeger vun den LA Rams hunn de Mann a beschter NFL-Manéier op de Buedem bruecht, esou datt d’Sécherheetsleit hien iwwerwältege konnten.

Wéi et aus dem Rapport vun der Police heescht, hat de Mann e puer Verbrennungen, wuel wéinst der Pyrotechnik, mä och eng Gehiererschütterung, dëst dann éischter wéinst dem Tackle.

Wéi den US-Magazin TMZ mellt, wéilt de Mann elo eng Plainte géint de Bobby Wagner maachen. De Flitzer ass Member vum Aktivistegrupp “Direct Action Everywhere”, déi scho kloer gestallt huet, datt een eng Plainte géint de Rams-Defenseur wäert maachen, wéinst dem “eklatanten Ugrëff”.

De Bobby Wagner gesäit dës Situatioun awer éischter méi relax. “Ech hu mech guer net domadder beschäftegt. Ech hu mer méi Gedanken ëm de Mann vun der Securitéit gemaach, dee sech dobäi blesséiert huet, wéi hien de Flitzer ophale wollt.” Weider sot de Rams-Spiller, datt een ni géif wëssen, wat esou eng Persoun an hirer Täsch oder an hiren Hänn hätt, dofir hätt hien en och gestoppt. “Et gëtt ëmmer Konsequenze fir dat, wat ee mécht”.

Ënnerstëtzung kritt de Wagner an dëser Situatioun vu sengem Trainer. “Ech hunn dovun héieren”, sot de Sean McVay am Hibléck op déi méiglech Plainte. “Ech denken, datt mir all wëssen, wat de Bobby maache wollt. Ech ënnerstëtzen hien a sinn do voll dobäi. Ech mengen net, datt iergendeen eppes dogéint soe wäert”.

Back to Top
CIM LOGO