LaanglafLinn Svahn an Alexander Bolshunov wannen zu Val Müstair

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen a bei den Häre stoung an der Schwäiz de Massestart am Kader vum Tour de Ski um Programm.

D’Damme waren op engem Circuit iwwer 10 Kilometer gefuerdert a sou war et d’Linn Svahn aus Schweden, dat sech um Enn am Zilsprint d’Victoire séchere konnt. Op déi zweet Plaz ass d’Julia Stupak aus Russland komm, virun der US-Amerikanerin Jessie Diggins. Am General steet d’Linn Svahn mat engem Virsprong vun 13 Sekonnen un der Spëtzt.

Spéider sinn dann d’Hären iwwer 15 Kilometer un den Depart gaangen, wou de russesche Coureur Alexander Bolshunov mat engem komfortabele Virsprong als Éischten iwwer d’Arrivée gefuer ass. Méi wéi 20 Sekonnen drop sinn den Dario Cologna aus der Schwäiz an den Ivan Yakimushkin aus Russland als 2. an 3. ukomm. Am General steet weiderhin den Italiener Federico Pellegrino op der 1. Plaz, de Virsprong op den Alexander Bolshunov bedréit awer nëmmen nach 8 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO