No historescher DefaiteLionel Messi déi nächst Saison kee Barca-Spiller méi?

RTL Lëtzebuerg
Wéi verschidde Medie matdeelen, soll den FC-Barcelona-Starspiller sengem Veräin matgedeelt hunn, dass hien net wéilt bleiwen.
© AFP

Dat no Informatioune vun der Zeitung “Esporte Interativo” a méi genee vum Journalist Marcelo Bechler, deen 2017 deen Éischte war, deen den Neymar-Transfert bei de PSG ugekënnegt hat. Hie soll ëmmer beschtens informéiert sinn, wann et ëm den FC Barcelona geet.

D'2:8-Defaite géint den FC Bayern kéint eng Néierlag ze vill gewiescht si fir de Barcelona-Kapitän. Hie wier fest iwwerzeegt, dass ee Wiessel néideg wier. Obwuel Vertrieder vum FC Barcelona e Méindeg de Moie gesot hunn, dass de Spiller nach keng offiziell Demande gemaach hätt, ginn d’Rumeure vun engem Wiessel ëmmer méi grouss.

Dem Lionel Messi säi Vertrag leeft bis 2021 a no enger Verlängerung vum Kontrakt gesäit et net aus. Nom Match géint Bayern hat de Gerard Piqué op der Tëlee ausgesot, dass vill Saache sech missten am Veräin änneren an dass hien den Éischte wier, dee goe géing, wann et néideg wier. Nom Match gouf och de Barcelona-Trainer Quique Setién erausgeheit.

Grousse Favorit, fir de Messi ënner Kontrakt ze huelen, wier Manchester City. D’Ekipp ass eng vun deenen eenzegen Ekippen, déi sech de Spiller a seng Pai vun iwwert 40 Milliounen Euro kéinte leeschten an den Trainer vu City, de Pep Guardiola, huet mam Messi ewell alles gewonnen. Aner Veräiner, déi a Fro kommen, wieren Inter Mailand oder PSG.

De Messi ass am September 2000 mat 13 Joer beim FC Barcelona ukomm. Mat 17 Joer, de 16. Oktober 2004, huet hien du säin éischte Match mat der éischter Ekipp gespillt. De Präis fir den Argentinier läit momentan bei 700 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO